Lëscht vun den Emplacementer vun der Guillotine zu Paräis

Vu Wikipedia
Executioun vum Robespierre den 28. Juli 1794 op der Place de la Révolution déi aktuell Place de la Concorde).

D'Haapthiriichtungen zu Paräis wärend der Franséischer Revolutioun mat der Guillotine goufen op follgende Plaze gemaach:

Plaz Datum Affer
Place de Grève (haut Place de l'Hôtel-de-Ville) 25. Abrëll 1792 Nicolas Pelletier, éischt Affer wat zum Doud verurteelt a guillotinéiert gouf.
Place du Carrousel (vis-à-vis vum Louvre) vum 21. August 1792 bis 11. Mee 1793 35 Persoune goufe guillotinéiert, dorënner den Déif vun de Bijoue vun der Kroun (13. Oktober 1792)
Place de la Révolution (haut Place de la Concorde) vum 11. Mee 1793 bis 9. Juni 1794, 1119 Persoune goufe guillotinéiert, dorënner de Louis XVI., d'Marie-Antoinette, an d'Girondins.
Place de la Bastille vum 9. Juni 1794 bis 12. Juni 1794 73 Persoune goufe guillotinéiert.
Place du Trône-Renversé (haut Place de la Nation) vum 13. Juni 1794 bis 27. Juli 1794 1306 Persoune goufe guillotinéiert, dorënner den André-Marie Chénier
Place de Grève (haut Place de l'Hôtel-de-Ville) November 1794 bis Mee 1795. ?