Lëscht vun den UNO-Organer

Vu Wikipedia
Fändele virum UNO-Niewesëtz zu Genève

Dës Lëscht vun den UNO-Organer ass en Deel vun de Referenztabellen

Zanter hirer Grënnung 1945 huet d'Haaptorganisatioun vun de Vereenten Natiounen en enormt Netzwierk un Ënner- an Niewenorganisatioune ronderëm hir sechs Haaptorganer opgebaut. En ettlech Kommissiounen an Departementer hunn eng reng bürokratesch oder technesch Funktioun, anerer sinn héichspezialiséiert hallefautonom Organisatiounen an Agencë. En drëtte Grupp sinn Institutiounen déi zwar -strikt gesinn- rechtlech net méi zum UNO-Apparat gehéieren, duerch Traitéen awer enk un e gebonne sinn.

Déi meescht -net reng bürokratesch- Ënnerorganisatioune gi vum Wirtschafts- a Sozialrot koordinéiert.

Nieft deem datt all sekundär Organer op verschiddenen Niveauen operéieren, gëllt fir s'all, datt se keng selbstänneg politesch Decisiounen huele kennen. Politesch Entscheedunge gi nëmmen um Niveau vun den Haaptorganer getraff a si sinn et och déi eleng vëlkerechtleche Status hunn.

Haaptorganer[änneren | Quelltext änneren]

D'Vereent Natiounen hu 6 Haaptorganer:

Sekundär Organer[änneren | Quelltext änneren]

Organer vum Sécherheetsrot[änneren | Quelltext änneren]

  • Comité d'état-major (Millitäresche Koordinatiounscomité)
  • Cour pénale internationale (CPI) (Internationale Geriichtshaff fir Strofrecht) mat zousätzlechen ad hoc gegrënnten, temporäre Comitéen a Geriichtshäff fir Strofrecht (Tribunaux pénals internationaux)
  • Friddenssécherung (UN-Peacekeeping): d'Operatioune vun den UNO-Friddenstruppen (Blohelmer) hunn all hir eege Verwaltungsapparater.

Organer vun der Generalversammlung[änneren | Quelltext änneren]

Spezialprogrammer a Fondsen[änneren | Quelltext änneren]

Recherche a Formatioun[änneren | Quelltext änneren]

  • UNRISD (Sozial Entwécklung)
  • UNIDIR (Entmilitäriséierung)
  • UNITAR (intern Organisatioun vun der UNO)
  • INSTRAW (Promotioun vun de Fraen)
  • UNICRI (Präventioun vun der Kriminalitéit)

Aner Organer[änneren | Quelltext änneren]

  • COPUOS - (Friddlech Exploitatioun vum Weltraum)
  • OHCHR - (Büro vum Héichkommissariat fir Mënscherechter)
  • UNOPS (UN Office for Project Services)
  • UNU (Universitéit vun der UNO)
  • UNOOSA (Ekonomie a Weltraum)
  • UNSSC (UN System Staff College)
  • UNAIDS (Koordinatioun vu Projete géint d'Weiderverbreedung vum HIV/AIDS)

Organer vum Generalsekretariat[änneren | Quelltext änneren]

  • OSG (Büro vum Generalsekretär)
  • OIOS (Office of Internal Oversight Services)
  • OLA (Büro fir Justizaffären)
  • DPA (Departement fir politesch Affären)
  • DDA (Departement fir Entmilitäriséierung)
  • DPKO (Departement fir Friddensoperatiounen)
  • OCHA (Büro fir d'Koordinatioun vun der humanitärer Hëllef)
  • DESA (Departement fir wirtschaftlech a sozial Froen)
  • DGACM (Departement vun der Generalversammlung an dem Konferenzmanagement)
  • DPI (Departement fir Ëffentlechkeetsaarbecht)
  • DM (Managementdepartement)
  • OIP (Büro fir den Irak Programm)
  • UNSECOORD (Büro vum UNO-Sécherheetskoordinator)
  • OHRLLS (Büro vum héije Representant fir déi am mannsten entwéckelte Länner, Länner ouni Zougang zum Mier a klengen Inselstaaten)
  • ODC (Büro fir Drogen- a Kriminalitéitsbekämpfung)
  • UNOG - Büro vum UNO-Niewesëtz zu Genève
  • UNOV - Büro vum UNO-Niewesëtz zu Wien
  • UNON - Büro vum UNO-Niewesëtz zu Nairobi

Organer vum Wirtschafts- a Sozialrot[änneren | Quelltext änneren]

Fachkommissiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Kommissioun fir sozial Entwécklung
  • Mënscherechtskommissioun [1]
  • Kommissioun fir narkotesch Drogen [2]
  • Kommissioun fir strofrechtlech Froen a fir d'Präventioun vun der Kriminalitéit [3]
  • Kommissioun fir Wëssenschaft an Technologie am Kader vun der Entwécklung [4]
  • Kommissioun fir nohalteg Entwécklung [5]
  • Kommissioun fir de Status vun der Fra [6]
  • Kommissioun fir Bevëlkerungs- an Entwécklungsfroen [7]
  • Kommissioun fir Statistik [8]

Regional Wirtschaftskommissiounen[änneren | Quelltext änneren]

Spezialiséiert Agencë[änneren | Quelltext änneren]

D'Spezialiséiert Agencë sinn autonom Organisatiounen, déi enk mat de Vereenten Natiounen zesummeschaffen a vum Wirtschafts- a Sozialrot koordinéiert ginn.

  • ICAO (ziville Loftverkéier)
  • FAO (Ernierung an Agriculture)
  • UNIDO (Entwécklung vun der Industrie)
  • UNESCO (Educatioun, Wëssenschaft a Kultur)
  • ILO (International Aarbechtsorganisatioun)
  • IMO (Mierschëffaarts-Organisatioun)
  • WMO (Metrologie)
  • WIPO (Geeschtegen Eegentom)
  • WHO (Weltgesondheetsorganisatioun)
  • Welttourismusorganisatioun
  • IFAD (Entwécklung vun der Agriculture)
  • Fonds monétaire international (FMI; Internationale Wärungsfonds)
  • Weltbankgrupp:
    • International Bank fir d'Rekonstruktioun an d'Entwécklung (International Bank for Reconstruction and Development – IBRD)
    • International Entwécklungsorganisatioun (International Development Association – IDA)
    • International Finanz-Korporatioun (International Finance Corporation – IFC)
    • Multilateral Investitiouns-Garantie-Agentur (Multilateral Investment Guarantee Agency – MIGA)
    • Internationalen Zenter fir d'Bäileeë vun Investitiounsstreidereien (International Center for the Settlement of Investment Disputes – ICSID)
  • ITU (Telekommunikatiounswiesen)
  • Weltpostveräin
  • International Organisatioun fir Flüchtlingen (gouf 1952 opgeléist)
  • INCB (Kontroll vun narkotesche Substanzen)

Aner Organer[änneren | Quelltext änneren]

  • United Nations Forum on Forests
  • United Nations Permanent Forum on Indigenous Issues (PFII)

Associéiert Organisatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: United Nations System – Biller, Videoen oder Audiodateien