Lëtzebuerger Konschtarchiv

Vu Wikipedia
Lëtzebuerger Konschtarchiv
Land Lëtzebuerg
Leedung Jamie Armstrong
Ënnersteet der/dem Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht
Gegrënnt 3. Dezember 2021

De Lëtzebuerger Konschtarchiv, gekierzt LKA[1], offiziell Centre de documentation sur les arts plastiques, ass e lëtzebuergeschen Dokumentatiouns- a Fuerschungszenter iwwer d'Bildend Konscht zu Lëtzebuerg, deen dem Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht (MNAHA) ënnersteet.

Missiounen[änneren | Quelltext änneren]

D'Aufgabe vum Zenter begräifen:

  • d'Produktioun vun der bildender Konscht zu Lëtzebuerg ze dokumentéieren an opzelëschten, wann néideg mat der Acquisitioun oder dem Unhuele vun Ierfschafte vu privaten Archiven iwwer dëst Theema;
  • eng wëssenschaftlech Fuerschung iwwer d'bildend Konscht zu Lëtzebuerg ze maachen ;
  • en Dictionnaire iwwer d'bildend Konscht zu Lëtzebuerg opzestellen;
  • temporär Ausstellungen, Colloquen a Konferenze grad wéi wëssenschaftlech, pedagogesch an edukativ Aktivitéiten z'organiséieren;
  • d'Ariichte vun enger lëtzebuergescher Konschtgalerie virzebereeden.

De Lëtzebuerger Konschtlexikon (LKA), deen Enn September 2023 online gaange ass, ass en zweesproochegen Online-Dictionnaire ((fr)an (en)) iwwer de Secteur vun der Konscht am Zesummenhang mat Lëtzebuerg. E begräift biographesch Texter iwwer Kënschtler, mä ernimmt och Persounen am Zesummenhang mat Ausstellungen, Konscht-Vereenegungen a -Präisser asw[2].

D'Archiven déi den LKA geréiert, sinn en Deel vun der Kollektioun vum Musée a bestinn deels aus de Bestänn déi vun externe Persoune gesammelt goufen an deels aus enger aktueller Dokumentatioun déi vum Service zesummegesat gouf. Et handelt sech awer ëmmer just ëm Dokumenter, net ëm Konschtwierker[1].

Direktioun[änneren | Quelltext änneren]

Den LKA gëtt vun der Jamie Armstrong (responsable du service)[1], ënnert der Direktioun vum Direkter vum MNAHA geleet.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Entstoe vum Lëtzebuerger Konschtarchiv geet op de politesche Wëllen zeréck, fir eng national Konschtgalerie wëllen ze schafen. Ier dat awer ka gemaach ginn, ass decidéiert ginn, fir als éischt e wëssenschaftlecht Archiv an en Dokumentatiounszenter iwwer d'bildend Konscht zu Lëtzebuerg op d'Been ze stellen. No de Chamberwale vun 2018 hat déi nei Regierung d'Schafe vun enge Dokumentatiounszenter am Koalitiounsvertrag mat opgeholl; den Zenter gouf och am selwechte Joer am éischten nationale Kulturentwécklungsplang confirméiert.

Den Zenter gouf du mam groussherzogleche Reglement vum 3. Dezember 2021[3], op der Basis vum Artikel 6[4] vum Gesetz vum 25. Juni 2004 iwwer d'Kulturinstituter vum Staat[2] an d'Liewe geruff an ass sengerzäit an d'Kompetenz vum Musée national d'histoire et d'art gefall.

Zanter dem Gesetz vum 16. Dezember 2022 ass de Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht fir den Zenter zoustänneg.

Am Laf vum Joer 2022 si Computerprogrammer ugeschaaft ginn an et goufe Prozeduren an Dokumenter opgestallt fir datt den Zenter funktionéiere kann[1].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Quell: «MNHA - Rapport d'activité 2022», Um Spaweck
  2. 2,0 2,1 (fr)Loi du 25 juin 2004 portant réorganisation des instituts culturels de l’Etat. http://data.legilux.public.lu+(25.06.2004).+Gekuckt de(n) 22.09.2004.
  3. (fr)Règlement grand-ducal du 3 décembre 2021 portant création d’un Centre de documentation sur les arts plastiques dénommé « Lëtzebuerger Konschtarchiv » auprès du Musée national d’histoire et d’art. http://data.legilux.public.lu+(03.12.2021).+Gekuckt de(n) 24.09.2023.
  4. « Des règlements grand-ducaux peuvent créer des sections, services et centres auprès des instituts culturels de l'Etat »