La Moinerie
La Moinerie ass e grousse véiereckege Bauerenhaff zu Warsage an der belscher Provënz Léck. Den Haff huet fréier, wéi vill anerer an der Géigend vun Dalhem an Herve, der Abtei Val-Dieu gehéiert.
Geschicht vum Haff
[änneren | Quelltext änneren]D'Geschicht vum Haff fänkt am Fong geholl mat der Grënnung vun der Zisterzienser-Abtei vun Hocht bei Maastricht am Joer 1180 un. Déi Abtei gouf vun de Frères Saint-Agathe gegrënnt, déi e grousse landwirtschaftlechen Intressi haten. An deem Sënn hu se sech kuerz duerno den Dall vun der Berwinne erausgesicht fir eng zweet Abtei opzeriichten, déi praktesch um hallwe Wee tëscht Léck an Herve soll stoe kommen, fir hiren Handel mat de Béischten, an der Fruucht an där Géigend ze favoriséieren. Déi ganz Géigend ëm déi haiteg Abtei Val-Dieu war gënschteg dofir, well de Floss ëmmer genuch Waasser hat fir eng Millen ze dreiwen, an d'Pente vun den Häng net ze géi waren.
Fir déi Abtei kënnen ze bauen, hu se sech dofir mol eng Wunnplaz erausgesicht déi net ze wäit vun den neie Gebaier sollt ewech sinn. Sou hu se am Joer 1213 e Baurenhaff zu Warsage mat e puer Lännereie kaaft, fir vun do aus d'Konstruktioun vun der Abtei z'iwwerwaachen an och selwer matzeschaffen. Dohier krut den Haff säin Numm Moinerie, op Hollännesch Monnikenhof.
Si hunn am Laf vun der Zäit, fir de Bau vun der Abtei, an awer och fir Wisen a Felder ze kréien, d'Bëscher an der Géigend vu Warsage ewechgeha, an nach e puer aner Häff opgeriicht, wéi d'Ferme de la Heydt, en Haff um Sart des Moines (nl:Monnikenrade), an d'Ferme de la Mold.
All déi Häff ware véiereck Gebaier mat décke Maueren an engem groussen Haff bannenan. Den Haff gouf geréiert vun engem sougenannte Maître de la grange an dee gouf assistéiert vun engem frère hôtelier dee sech ëm Leit bekëmmert déi op der Duerchrees waren an do en Ënnerdaach fonnt hunn, an ëm Pilgeren. Si hunn och Liewensmëttel un Heescheleit, an un déi Äeremst aus der Géigend verdeelt. All Joer huet de Maître de grange der Abtei e Rapport iwwer d'Gestioun vum Haff ofgeliwwert.
Zum Haff huet eng Kapell, en Dortoir, e Refectoire, an deenen net huet däerfe geschwat gi gehéiert. Fir déi net geeschtlech Bridder déi um Haff geschafft hunn gouf et e separaten Dortoir a Refectoire.
Géint Enn vum 13. Joerhonnert gouf den Haff vun Doléiner ënner der Leedung vun engem Pater exploitéiert, an duerno huet e Censier sech ëm d'Gestioun bekëmmert.
An der Zäit vun de Konflikten tëscht de Brabänner an de Limburger hat d'Moinerie dat selwecht Schicksal wéi déi aner Häff ander Géigend. D'Truppe vun de Krichsparteien, bal déi eng bal déi aner, hunn d'Kulturen zerstéiert, Liewensmëttel geklaut, an den Haff kuerz e kleng geschloen. D'Restauratiounsaarbechten hunn e puer Joer duerno gedauert.
Obschonn d'Abteien en ettlech Privilegen haten, hu si awer missen hiren Deel Steieren oder aner Staatslaaschten droen. Dozou hunn z. B. Pensioune gehéiert déi d'Abtei u Krichsblesséierter bezuelt huet oder u Wittfrae vun Zaldoten. Se hunn och nach aner Déngschter misse leeschten, oder Fourniture misse maachen. Dofir hunn d'Häff missen de Kapp duerhalen. D'Moinerie huet sou all Woch missen eng Kar Holz an eng Kar Stréi op d'Schlass vun Dalhem liwweren.
De Chemin de la Corweye erënnert nach un d'Corvéeën, déi d'Leit deemools hu misse leeschten. Géint 1660 keeft d'Abtei Val-Dieu sech vun deene Laaschte fräi, a bezillt dofir all Joer 200 Florinen.
An de 1670er Jore leiden d'Recolte vun der Moinerie erëm grousse Schued duerch militäresch Campementer, besonnesch déi vun den Truppe vum franséische Kinnek Louis XIV.
De Jean Dubois dee vu 1711 bis 1749 Abt am Val-Dieu war, huet grouss Restauratiounsaarbechten um Haff gemaach. Säi Wopen Dräi Beem op engem Hiwwel, ass op enger vun de Fassaden am bannzegen Haff ze gesinn. Um Wopen ass seng Devis ze liesen RECTE ET FORTITER, Rechtschafenheet a Kraaft. Déi Aarbechten hunn am Ganze vu 1721 bis 1735 gedauert. D'Restauratiounspreriode vun de verschiddenen Deeler sinn op Steng erëmzefannen an deenen Datumen agravéiert sinn.
Een der 1750er Joren huet d'Moinerie sech net méi rentéiert a se gouf verlount. D'Annonce fir dëst ze maache gouf den 20. August 1759 an der Gazette de Liège publizéiert. D'Patere waren duerno nach Proprietär vum Haff bis zur franséischer Revolutioun, wéi d'Gidder vum Clergé beschlagnaamt goufen.
Den 1. Januar 1798 gouf den Haff vum Staat versteet. Dräi Leit hunn den Haff zesumme kaaft, e gewëssen Här Sauvage, eng Madame Stembert vu Verviers, an de Jacques Uls deen déi Zäit Prelat am Val-Dieu war. Si hunn den Haff verlount, an den éischten Huefmann war de Jean-François Fléchet, ee vun de véier Flécheten déi zu Warsage ee Monument bei der Kierch stoen hunn.
1810 koum den Haff an de Besëtz vum Grof vu Geloes, deen en erëm dem Grof vu Borchgrave, kuerz duerno weiderverkaaft huet.
Um Enn vum 19. an um Ufank vum 20. Joerhonnert war den Haff sou grouss ginn datt zwéin Huefmänner konnten drop liewen.
De Krich 1914-1918
[änneren | Quelltext änneren]De 4. August 1914 sinn déi preisesch Truppen op Warsage komm. Et hunn der en ettlech an den Häff an der Géigend logéiert. An der Moinerie hate sech 120 Zaldoten an 2 Offizéier en Ënnerdag gesicht. Wéi se den Dag duerno wiedergezu sinn, hu se e futisse Karabiner an e bësselche Munitioun leie gelooss. Deeselwechte Mëtte koumen Zaldoten op den Haff, an hunn den Huefmann Joseph Smeets verhaft, well d'Munitioun a senge Gebaier fonnt gouf. Owes um 8 Auer hu se hien awer erëm lafe gelooss. Déi zwéin Deeg duerno hat d'Duerf ferm ënner den Truppen ze leiden. Zivilleit goufe verhaft, et gouf geklaut a geplënnert wou et nëmme gaangen ass. Haiser goufen a Brand gestach dorënner och d'Ferme des Trois Cheminées. De 7. August gouf och d'Moinerie a Brand gestach, an de gréissten Deel vun der Scheier ass verbrannt.
1918-1940
[änneren | Quelltext änneren]Nom Krich waren nach ëmmer zwéin Huefmänner op der Moinerie, de Joseph Smeets deen zanter 1904 do war, an deen am Haus gewunnt huet dat haut N°36 huet, an den Octave Beckers bis 1932 am Haus N°38. No 1932 ass dem J.Smeets säi Bouf, den Alphonse, am Beckers seng Plaz komm. Jiddweree vun den 2 Betriber hat ronn 70 ha Land fir z'exploitéieren. Vun 1937 un wéi de Joseph Smeets gestuerwen ass, huet säi Bouf eleng d'Moinerie exploitéiert.