Legion (Marvel Comics)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
D'Schreifweis vun dësem Artikel oder vun dësem Deel vum Artikel entsprécht net de Wikipedia-Krittäre fir en enzyklopedeschen Artikel a muss onbedéngt verbessert ginn. Den Auteur gëtt frëndlech gebieden, sech d'Säiten Eis Schreifweis unzekucken, an hei z'applizéieren.
Legion
Createur Chris Claremont, Bill Sienkiewicz
Ass en(g) Mutant, animéiert Figur, Televisiounsfigur
Geschlecht männlech
Gebuer Tiberias
Aktivitéit Superheld, Student, Zäitreesenden
Famill
Papp Professer X
Mamm Gabrielle Haller
Universum
Aus Marvel Universum

De Legion (David Charles Haller) ass ee fiktive Comics-Personnage aus dem X-Men-Universum, dat vu Marvel Comics erfonnt gouf. Hien ass de Jong vum Mutant Charles Francis Xavier (*Professor X*) an der Gabrielle Haller.[1] Den Auteur Chris Claremont an den Zeechner Bill Sienkiewicz hunn hien déi éischte Kéier am Comic New Mutants N° 25 vum Mäerz 1985 optriede gelooss. Dat war e Cameo-Optrëtt. Wéinst senger dissoziativer Perséinlechkeetsstéierung huet hie vill aussergewéinlech Fäegkeeten. Domat ass hien ee vun de stäerksten a geféierlechste Mutanten iwwerhaapt.

Genesis[änneren | Quelltext änneren]

Säin Numm ass vum Bibelvers aus dem Markusevangelium (5,1-20) inspiréiert, an deem de Jesus de Besiessene vu Gerasa heelt. Op d'Fro, wei hien heescht, äntwert de Besiessenen dem Jesus: Mäin Numm ass Legion, well mier sinn der vill.[2]

Geschichten aus de Comics[änneren | Quelltext änneren]

Originn vun de Mutantefäegkeeten[änneren | Quelltext änneren]

Hien ass de Jong vum Charles Francis Xavier an der Gabrielle Haller. Säi Papp gëtt spéiderhin de Grënner vun den X-Men a seng Mam ass déi zukünfteg Botschafterin vun Israel am Vereenegte Kinnekräich. Wei de Professer X an Israel war, hat hien eng Affär mam Gabrielle. Aus där Bezéiung ass den David entstane. Just viru kuerzem ass de Leeder vun der Mutanteschoul zu New York gewuer ginn, datt hien dem David säin Papp ass. Wei den David 10 Joer al war, sinn hien a seng Mam ze Paräis vun enger palestinensescher Terrorgrupp ugegraff ginn. Bei dësem Ugrëff ass dem David säin Stéifpapp ëmkomm an dem David seng Fäegkeeten sinn duerch dëse Verloscht erwächt. Mais den David huet och de Leeder, den Jemail Karami, vum Terrorgrupp absorbéiert, sou datt dem säin Geescht am Legion weiderhin existéiert. Wärend den nächsten 9 Joer kämpft den David mat sech selwer, well hien – traumatiséiert duerch den Terrorugrëff – eng Perséinlechkeetssteierung entwéckelt huet. Elo entwéckelen sech déi verschidde psychesch Aspekter, déi net nëmmen en Deel vum David sinn, mä och hir eege Fäegkeeten hunn. Obwuel den Jemail Karami vum David absorbéiert gouf, hëlleft hie sengem Wiert déi aner Perséinlechkeeten an de Grëff ze kréien a stabiliséiert dem David säi Geescht, soudatt hien telepathesch Kräften entwéckelt. Allerdéngs stellen sech zwou weider Perséinlechkeeten an den Wee, dat nihilistescht Cyndi mat hiren zougedeelten Feierkräften an den Jack Wayne mat sengen telekinetesche Fäegkeeten. Den leschtgenannten an den Jemail Karami kréie sech elo ëmmer erëm an d'Hoer, wouduerch den David seng Fäegkeete just onkontrolléiert benotze kann a se kommen spontan op. De Legion ass gebuer.[3]

Op Muir Island[änneren | Quelltext änneren]

Den David gëtt no Muir Island bei d'Moira McTaggert geschéckt, well seng Mam, duerch seng wuessend psychesch Instabilitéit (Autismus), net méi eens mat him gëtt. Hei geet et dem David awer net besser an hien absorbéiert zwee Mataarbechter vum McTaggert, den Tom Corsi an d'Sharon Friedlander. D'Moira rifft doropshin den Charles Xavier mat den New Mutants em Hëllef. Elo kämpfen den Professer X, d'Danielle Moonstar, den Wolfsbane, den Cypher an den Warlock géint de Legion, deen d'McTaggert an e puer vun den New Mutants absorbéieren kann. Den Professer X bekämpft de Legion weider op psychesch Manéier an gëtt gewuer, datt den David säin Jong ass an datt den Jack Wayne géint den Jemail Karami em dem David säin Geescht kämpfen. Et geléngt den New Mutants an dem Professer X den Jack Wayne ze besäitegen an den David an en gewësse stabillen Zoustand ze versetzen; hien ass net méi autistesch, mais geeschtlech ass en op dem Level vun engem 10 Joer alen Kand an d'Cyndi, den Jack an den Jemail ginn vum David net vollstänneg kontrolléiert, well se duerch hie schwätzen kennen. Den Legion bleift ab elo op Muir Island wéinst wëssenschaftlechen Ënnersich vum Moira McTaggert. Hat gëtt engesdaags ugegraff an den David muss seng telekinetesch Kräfte asetzen, wouduerch den Jack Wayne t'Kontroll vum Kierper erhält. Hie reest no gedoener Aarbecht no Schottland, wou en an engem Pub vun den New Mutants attackéiert gëtt. Den Jack Wayne an d'Cyndi doe sech zesumme fir eng Chance géint se ze hunn, mä de Legion gëtt an de Limbo teleportéiert, wou d'Magik den Jack Wayne erëm an d'Ënnerbewosstsinn verbanne kann. Den Legion geet nees zeréck no Muir Island. No e puer Méint attackéiert den Donald Pierce a seng Reavers d'wëssenschaftlech Institutioun op Muir Island. Den Legion benotzt altnees seng telekinetesch Fäegkeeten fir seng Frënn ze protegéieren, mais erëm kann den Jack Wayne sech behaapten an d'Kontroll iwwert de gemeinsame Kierper iwwerhuelen. Hie reduzéiert den telekinetesche Schutzschëld op säin Kierper, esou datt déi aner Leit ronderëm hie stierwen. Och seng aner Perséinlechkeet Cyndi kennt ervir an stëft méi Chaos, soudass decidéiert gëtt d'Irene Adler alias Destiny unzegräifen. Wärend dem Kampf gesäit hien eng apokalyptesch alternativ Zukunft, wat de Legion esou schockéiert, datt en d'Destiny embréngt.[4]

De Logo vun Marvel Comics, déi de Legion erfonnt hun.

Shadow King an Vergaangenheet[änneren | Quelltext änneren]

Den Jack Wayne bleift elo opweideres déi dominant Persoun vum Legion. Och wéi hie vum Forge agesat gëtt fir déi vermëssten X-Men duerch den Cerebro ze fannen. Leider trefft en doduerch op den Shadow King, deen den David fir sech ausnotzt: d'Awunner alleguer vu Muir Island ze kontrolléieren. Hei huet den Shadow King Gladiatorenkämpf ausdroe gelooss an géint X-Men gekämpft. Wärenddeem den Professor X an den Shadow King sech psychesch duelléieren, ass de Legion an e Koma gefall an säin Geescht gouf gebrach. En ass no Tel Aviv an eng Klinick bruecht ginn, wou d'Mystique en wéinst dem Mord um Destiny ëmbrénge well. An deem Moment erwächt den David nees mat alleguer den absorbéierte Persoune bis op seng eegen an der vum Destiny. Hien decidéiert an d'Zäit zeréck ze reesen an de Magneto ëmzebréngen, fir datt de Max Eisenhardt alias Magneto an den Charles Xavier keen ideologesche Kampf iwwert Mutanten féiere kennen an datt d'Mënschen an d'Mutante friddlech koexistéiere kennen. D'X-Men wëllen dat verhënneren a kämpfe géint de Legion an der Negev Wüst ze Israel, mais de Legion ka just mat onfräiwëlleger Begleedung vun den X-Men (Iceman, Psylocke, Storm a Bishop) an d'Vergaangenheet reesen. Se hunn alleguer, wéi se do ukomm sinn, Lecken an hirer Memoire. Den Legion geet an déi israeelesch Klinick, wou den Charles an de Max schaffen. Hei vergewaltegt de Legion seng eege Mam, déi eng Patientin do ass, an e kämpft géint de Magneto. Nodeems de Cable den X-Men hir Memoire erëm an d'Rei setzen, kämpfen se géint de Legion, mais ouni Chance. Den Legion kann e grousst psychescht Schwäert erschafen, mat deem en de Magneto versicht ze erstiechen, allerdéngs geheit den Charles Xavier sech dertëschent a kennt déidlech em. Domat gëtt “Age of the Apocalypse” ausgeléist.[5]

Trauma[änneren | Quelltext änneren]

An der aktuellster Geschicht, aus dem Juli 2018, ass de Lord Trauma dem David säin Géigner. Hie wëll de Legion selwer absorbéieren an domat dem David säin Kierper iwwerhuelen. D'Dr. Hannah Jones versicht dem David ze hëllefen, mais hat gëtt vun him absorbéiert a muss sech géint déi vill Perséinlechkeete behaapten. Dobäi kennt ëmmer méi dem Jones seng béiss Säit, d'Bessie Doll, ervir.[6]

Fäegkeeten a Perséinlechkeeten[änneren | Quelltext änneren]

Alleguer seng iwwernatierlech Fäegkeete resultéieren aus senger dissoziativer Perséinlechkeetssteierung an se ginn him d'Méiglechkeet seng Krankheet an de Greff ze kréien. Awer oft bezweckt déi Kombinatioun grad de Géigendeel, sou dat de Legion zu enger Menace gëtt. Duerch déi Steierung huet en seng Fäegkeeten mat de verschiddenen Perséinlechkeete verbonnen. Hei eng Oplëschtung[7] vun de Charakteren an hire Kräften.

Jemail Karami[änneren | Quelltext änneren]

De Leeder vun der palestinensescher Terrorgrupp, déi den David, seng Mam an säin Stéifpapp ze Paräis ugegraff hat. Hie gouf vum David absorbéiert, ewéi seng Mutantenfäegkeet erwächt ass, an him gouf déi telepathesch Fäegkeet zougedeelt. Doduerch kann en d'Gedanke vun anere Mënsche liesen an déi verstoen, wat en méi empathesch mëscht. En ass dem David säi gréissten Beschützer an en ass zanter Joren umgaang dem David seng Dissoziativ Perséinlechkeetsstéierung ze heelen.

Jack Wayne[änneren | Quelltext änneren]

Hien ass eng vun den éischte Persounen, déi duerch dem David seng psychesch Steierung an deem sengem Geescht kreéiert goufen. En ass de männlechen Deel, déi abenteuerlech, brutal a manipulativ ass. Wat en oft dozou bruecht huet de Kierper ze iwwerhuelen an Chaos ze verbreeden.

Cyndi[änneren | Quelltext änneren]

Déi lescht vun den an dem David sengem Geescht kreéierten Leit. Se huet eng nihilistesch Astellung, en Punk-Rock Styl an déi pyrokinetesch Fäegkeete vum David. Hat representéiert dat feelend Vertraue géigeniwwer erwuesse Leit an géigeniwwer der Welt. Doduerch ass se eng neutral Persoun beim Kampf tëschent dem Jemail an dem Jack.

Beast Xavier[änneren | Quelltext änneren]

Ewéi den David vum Charles Xavier sengem Doud gehéiert huet, ass déi heiten Persoun “gebuer” ginn. An dem David sengem Kapp gëtt se sech als säin Papp aus. Se bréngt vill aner geeschtlech Perséinlechkeeten em an absorbéiert deenen hir Fäegkeeten. Eng Kéier packt se aus dem David erauszebriechen an de Luca Aldine ze absorbéieren. Den David konnt en awer erëm afänken, wouduerch d'Worldworm Phänomen agetrueden ass.

Legion[änneren | Quelltext änneren]

Eng mental stabil Versioun vum David, déi alleguer d'Perséinlechkeeten an domat hir zougedeelt Fäegkeete kontrolléiert. Mä am New Mutants 3rd series #20-21 ass en zu enger eegener Persoun am Geescht vum David erkläert ginn.

Trivia[änneren | Quelltext änneren]

2017 ass eng Televisiouns-Serie mam Numm Legion ugelaf. Hei gëtt de Mutant vum Dan Stevens portraitéiert. Den Noah Hawley huet als Produzent, Auteur an Direkter d'Fiedem an den Hänn.

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Legion op [ https://comicvine.gamespot.com/legion/4005-13349/ comicvine.com], [gekuckt: 27.12.18]
  2. Bibeltext op Däitsch, https://www.bibleserver.com/text/EU/Markus5%2C1-20 [27.12.18]
  3. Biographie vum Legion op uncannyxmen.net, https://uncannyxmen.net/characters/legion/biography [27.12.18]
  4. David Haller, Legion bei Marvel, https://www.marvel.com/characters/legion-david-haller/in-comics [27.12.18]
  5. Biographie op comicvine.gamespot.com, https://comicvine.gamespot.com/legion/4005-13349/ [27.12.18]
  6. De Comic beim Store vu Marvel, https://web.archive.org/web/20200509071909/https://comicstore.marvel.com/Legion-Trauma/digital-comic/48608 [27.12.18]
  7. No der Lëscht op uncannyxmen.net, https://uncannyxmen.net/character-related-topics/legions-splinter-personality-index [27.12.18]