Op den Inhalt sprangen

Les rapides Limpertsberg

Vu Wikipedia
Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Les rapides Limpertsberg
Rechtsform Association sans but lucratif
RCS F575

Les rapides Limpertsberg, eege Bezeechnung och nach Club de marche populaire « Les Rapides Limpertsberg », ofgekierzt LRL, ass en IVV-Wanderveräin, mat Sëtz um Lampertsbierg, an der Stad Lëtzebuerg. De Veräi gouf 1935 gegrënnt, an huet deemools Vëloscourssen organiséiert.

1972 war de Veräi bei der Grënnungsversammlung vum Lëtzebuerger Vollekssportverband der haiteger FLMP dobäi.

Vun do un organiséiert de Veräin all Joer zwou Wanderungen duerch d'Stad Lëtzebuerg, bei deenen all Kéier tëscht 1.200 a 1.500 Leit matmaachen.

Den 1. Januar 2009 hat de Veräin iwwer 100 Memberen, déi all Weekend an Däitschland, Frankräich, der Belsch an zu Lëtzebuerg bei de verschiddenen IVV-Organisatioune matmaachen.

De Veräin ass am Handelsregëster mat « en procédure de dissolution administrative sans liquidation » gekennzeechent(Stand: Oktober 2025).