Leviathan (Teleskop)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
De „Leviathan“ an Observatiounspositioun
Dat nei opgebauten Teleskop am Joer 2005.

Leviathan (of Parsonstown) ass den inoffiziellen Numm vum Spigelteleskop, mat deem de William Parsons, 3. Earl of Rosse, d'Spiralnatur vun de Galaxien erkannt huet. Den Numm geet op e risegt Séiongeheier vun der biblischen Mythologie zréck.

Nodeem de William Parsons, mat sengem 36-Zoll-Spigelteleskop niwweleg Objeten erfollegräich observéiert hat, huet hie vun 1842 un e Spigelteleskop mat duebelem Duerchmiesser (183 cm, Brennwäit zirka 16 m) opgeriicht. No dräi Joer Bauzäit gouf et am Februar 1845 um Schlass vum Earl am iresche Birr a Betrib geholl. Schonn am Abrëll vum selwechte Joer huet de Rosse am M51 erkannt, datt deen Objet eng Spiralstruktur huet. D'Hongersnout an Irland huet dunn e reegelméissege Gebrauch vum Risenteleskop bis 1848 verhënnert.

Am Prinzip ass den Teleskop tëscht zwou parallele Mauere vu 15 m Héicht montéiert, wéi e Meridianteleskop, dobäi kann een et ëm jee zéng Grad no Ost respektiv West schwenken. Sou kënnen d'Himmelsobjeten eng Zäit laang verfollegt ginn. De risegen Tubus gouf mat Fläschenzich a Positioun bruecht. Fir Fotoen domat ze maachen war den Teleskop net gëeegent, well e keng Noféiermechanik hat. Sou konnt en nëmme visuell benotzt ginn.

Den Observateur stoung an enger Héicht vu bis zu 18 m iwwer dem Buedem op enger bréckenaarteger Galerie.

De Spigel aus „speculum metal“ (Spigelmetall), engem bronzeähnlechen Alliage, huet eleng 3,8 Tonne gewien. Seng Hierstellung hat eng besonnesch Géisstechnik verlaangt. Wann en ze séier ofgekillt ass, konnt en zersprangen. De Lord Rosse hat also missen – nom éischte feelgeschloene Versuch – fir weidert Hëtze suergen, fir datt d'Ofkille kontrolléiert lues oflafe konnt.[1]

Fir d'Schläifen an d'Poléiere gouf eng eegen dampgedriwwe Maschinn konstruéiert. De fäerdege Spigel gouf a senger Zell op 27 Punkten (spéider 81) gelagert. D'Spigeluewerfläch ass séier ugelaf an huet d'Liicht, dat den Observateur erreeche sollt ofgeschwächt. Dofir huet de Spigel all halleft Joer nopoléiert misse ginn – eng opwendeg Aarbecht, well dobäi och d'Paraboloidform nees hiergestallt huet misse ginn. Dofir hat den Teleskop zwéi Spigele fir e séiere Wiessel maachen ze kënnen.

Trotz einfacher Mechanik an den ongënschtege Wiederbedéngunge konnt de Konstrukter sensationell Observatioune maachen. Hie konnt a kuerzer Zäit bei 14 Galaxien eendeiteg feststellen, datt si eng spiraleg Struktur hunn a 224 weider nach net bekannt Niwwelen hat hie fir d'éischt beschriwwen.

Vun 1874 bis 1878 huet de Dreyer den Teleskop benotzt. Och hie konnt eng Rei netstellar Objeten entdecken a friem Observatioune verifizéieren. Domat hat hien d'Basis fir den New General Catalogue (NGC) geluecht, deen 1888 publizéiert gouf.

De Leviathan war vun 1845 un dat gréisst Teleskop vun der Welt a gouf eréischt 1917 vum 100-Zöller vum Mount Wilson-Observatoire iwwertraff.

Nom Doud vum William Parsons sengem Jong am Joer 1908 gouf den Teleskop ofgebaut an de Spigel an d'Science Museum zu London bruecht. Ëm 1914 goufen déi massiv Metalldeeler fir Krichszwecker ageschmollt, Tubus a Mechanik sinn an de weidere Joerzéngte verrascht.

De 6. Earl of Rosse huet sech dann nees fir d'Instrument intresséiert an huet schrëftlech Ënnerlagen iwwer d'Konstruktioun an de Betrib gesammelt. Op Initiativ vum Amateurastronom Patrick Moore goufen am Mäerz 1994 Restauréierungsaarbechten ugefaangen, déi 1999 ofgeschloss konnte ginn. Den Teleskop ass elo mat engem moderne Spigel aus Aluminium an elektronesch gesteierte Motoren ausgerëscht – a voll funktiounsfäeg wéi virun 150 Joer.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Leviathan (Teleskop) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. T. R. Robinson: On Lord Rosse's Telescope, Proceedings of the Royal Irish Academy, 1844