Lobolon carcinophaga

Vu Wikipedia
Lobolon carcinophaga

Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Raubdéieren
Famill: Hondsrobben
Ënnerfamill: Phocinae
Gattung: Lobolon
Wëssenschaftlechen Numm
Lobolon carcinophaga
(Hombron & Jacquinot,1842

Lobodon carcinophaga ass eng Robbenaart, aus der Famill vun den Hondsrobben (Phocidae). Als eenzeg Robbenaart ass si op Plankton, méi genee op Antarktesche Krill (Euphausia superba) spezialiséiert, deen 98% vun hirem Kascht ausmécht (a wat dem Taxon den Numm ginn huet).

Charakteristiken[änneren | Quelltext änneren]

D'Lobodon carcinophaga hunn eng schlank, stroumlinnefërmeg Morphologie mat engem däitlech siichtbaren Hals, wouduerch ee se scho vu wäitem vun anere Robbenaarten an der Antarktis ënnerscheede kann.

Hire Summerpelz (Januar/Februar) huet eng sëlwer-gro Faarf, deen dann an de Méint dono an éischter crèmefaaeweg bis gielzeg Téin iwwergeet, mat bronge Partien um Réck; laanscht d'Säit an op de Flossen. D'Ritte sinn eng Grëtz méi hell wéi d'Mudderen. Si ginn eng 220 bis 245 cm laang an 170 bis 230 kg schwéier. D'ännchercher sinn an der Moyenne 5 cm méi kleng an 8 kg méi liicht wéi d'Weibercher.

Schiedel mam Gebéck

Hiert Gebëss ass der Ernierungsweis ugepasst; d'Zänn sti sou, datt e ganz klenge Sputt dertëschent ass, dee Waasser duerchléisst, a sou erméiglecht, datt de Krill erausgefiltert gëtt.

Verbreedung[änneren | Quelltext änneren]

Verbreedung

Lobodon carcinophaga ass eng antarktesch Robb. Si lieft am Summer am Südpolarmier op de Borde vum Pakäis. Am Wanter geet s'op Wanderschaft a kënnt bis op d'Küste vu Patagonien an anere subantarkteschen Inseln.

Wa se erwuess sinn, liewe s'eleng oder a klenge Gruppen vun héchstens e puer Dose Stéck, déi awer keng fest Bindung hunn. Wa se jonk sinn, fënnt ee se a méi grousse Gruppe vun alt Honnerte vun Déieren.

Séileoparden an Orcae sinn déi gréisst Friessfeinde vum Lobodon carcinophaga, méi sielen och Haien.

D'Populatiuon gëtt op 30 Milliounen Déiere geschat, woumat et déi bei wäitem heefegst Robbenaart ass.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ronald M. Nowak: Walker's Mammals of the World. 6th Edition. Johns Hopkins University Press, Baltimore 1999, ISBN 0-8018-5789-9
  • Peter J. Adam: Lobodon carcinophaga. Mammalian Species Nr. 772, 2005.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lobolon carcinophaga – Biller, Videoen oder Audiodateien