Orca
Den Orca (Orcinus orca), och alt Schwäertwal genannt, ass eng Walaart aus der Famill vun den Delfinen (Delphinidae). Si kënnt op der ganzer Wlet vir, wann s'och Gewässer laanscht d'Küsten, éischter an de méi héije Breedegraden, de Virzock gëtt.
Orcae si sozial Déieren, déi eng komplex Populatiounsstruktur opfweises hunn. Si si generalistesch Fleeschfrësser, déi virun allem Fësch, Mamendéieren aus dem Mier, wéi z. B. Robben a geleeëntlech och aner Waler joen a friessen.
Charakteristiken[änneren | Quelltext änneren]
Den Orca ass déi gréisst Aart vu Walen. D'Männche gi bis bis 9,8 m laang, d'Kéi (d'Weibercher) héchstens 8,5 m. Se bréngen et op e Gewiicht bis op 6,6 t. Si hunn eng opfälleg, bis zu 1,8 m héich dräieckeg Réckefloss (dohier den Numm Schwäertwal). D'paddelfërmeg Flipperen gi bei de Männercher ronn 2 m laang, bei de Weibercher 1,5 m. D'Schwanzfloss gëtt bis zu bis zu 2,8 m breet an ass hanne konkav.
Charakteristesch ass hir kontrastéiert schwaarz-wäiss Fierwung. De Réck ass schwaarz, iwwerdeems de Bauch an e Fleck hannert den Ae wäiss ass. D'Faarverdeelung variéiert no Ekotyp.
Als Jeeër hu si e kräftegt Gegéck, mat op all Kifer-Hallschecht 10–14 koneschen Zänn vun 2,5–5 cm Duerchmiesser, am Ganze sinn et der 40–56.