Op den Inhalt sprangen

Louis Blum

Vu Wikipedia
Foto gewënscht

Wann Dir eng selwer gemaache Foto vun dëser Persoun oder vun dësem Objet hutt, déi Dir wëllt zur Verfügung stellen, da
klickt hei fir s'eropzelueden

De Louis Blum, gebuer de 6. Abrëll 1858 zu Ettelbréck a gestuerwen den 30. Dezember 1920 zu Esch-Uelzecht, war Chefchemiker an der Brasseur Schmelz, der spéiderer Terres-Rouges-Schmelz.

Hien hat nëmmen en Ofschloss vun der staatlecher Ackerbauschoul zu Ettelbréck ouni weider akademesch Ausbildung. Trotzdem huet hie sech e gudde Ruff gemaach bei de Fachleit vun der Siderurgie. Vun 1896 u war hie Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois an huet an där Gesellschaft hirer Zäitschrëft verschidden Artikele verëffentlecht.

1873 huet en op der Schmelz vu Metz & Co. zu Esch-Schëffleng ugefaangen als Employé am Büro ze schaffen. Vun 1882 un hat en eng Plaz als Chemiker am Wierk zu Dummeldeng an am Joer 1888 ass e Chefchemiker an der Brasseurs-Schmelz zu Esch-Uelzecht ginn. Seng éischt Recherchen huet en iwwer d'Geologie an d'Mineralogie vum Lëtzebuerger Land gemaach. Duerno huet en sech méi mat der analytescher Chimie a chemesch-technesche Problemer befaasst an iwwer seng Forschunge eng Rei Verëffentlechunge gemaach. Bei sengen Analysen huet en d'Virkomme vu Vanadium an der Minett entdeckt an den 3. Oktober 1907 huet en d'Mineral Leesbergit (Hydromagnesit) entdeckt. De Louis Blum huet dëse Mineral nom Franz Xavier Hubert Leesberg benannt, dem Regisseur vun der Société des Mines d'Esch.

Nom Louis Blum benannt

  • eng Cité zu Esch-Uelzecht: d'Cité Louis Blum (PLZ 4034) am Quartier Bruch, déi aus dräi Sakgaasse besteet déi vun der rue de Macon ofzweigen.

Literatur

Referenzen

  1. Daten aus der Luxemburgischen Eisenindustrie