Louis Blum

Vu Wikipedia
Louis Blum
Gebuer 6. Abrëll 1858
Ettelbréck
Gestuerwen 30. Dezember 1920
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Chimist
Famill
Kanner René Blum

De Louis Blum, gebuer de 7. Abrëll 1858 zu Ettelbréck a gestuerwen den 30. Dezember 1920 zu Esch-Uelzecht, war Chefchemiker an der Brasseurs Schmelz, der spéiderer Terres-Rouges-Schmelz.[1]

Hien hat nëmmen en Ofschloss vun der staatlecher Ackerbauschoul zu Ettelbréck ouni weider akadeemesch Ausbildung. Trotzdeem huet hie sech e gudde Ruff gemaach bei de Fachleit vun der Siderurgie.

1873 huet en op der Schmelz vu Metz & Co. zu Esch-Schëffleng ugefaangen als Employé am Büro ze schaffen. Vun 1882 un hat en eng Plaz als Cheemiker am Wierk zu Dummeldeng an am Joer 1888 ass e Chefchemiker an der Société des hauts-fourneaux luxembourgeois zu Esch-Uelzecht ginn. Seng éischt Recherchen huet en iwwer d'Geologie an d'Mineralogie vum Lëtzebuerger Land gemaach. Duerno huet en sech méi mat der analytescher Chimie a cheemesch-technesche Problemer befaasst an iwwer seng Forschunge eng Rei Verëffentlechunge gemaach. Bei sengen Analysen huet en d'Virkomme vu Vanadium an der Minett entdeckt an den 3. Oktober 1907 huet en d'Mineral Leesbergit (Hydromagnesit) entdeckt. De Louis Blum huet dëse Mineral nom Franz Xavier Hubert Leesberg benannt, dem Regisseur vun der Société des Mines d'Esch.

De Louis Blum ass 1877 Membre agrégé vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal ginn.[2] 1896 ass hien an d'Fauna (Société des naturalistes luxembourgeois, SNL) opgeholl ginn. Hie war och Member vun der Société géologique de Belgique.[3]

Am Bulletin vun der SNL huet hien eng ganz Rei vun Artikele publizéiert, déi sech virun allem mat cheemesch-mineralogesche Sujete befaasst hunn.[4] Hien huet awer och an de Publications de l'Institut royal grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles et mathématiques publizéiert, an an auslännesche Fachzäitschrëften (Cheemiker-Zeitung, Zeitschrift für analytische Chemie, Stahl und Eisen, Revue universelle des mines, de la métallurgie etc., Annales de la Société géologique de Belgique).[5]

Dem Louis Blum seng zivil Begriefneszeremonie war Sonndes, den 2. Januar 1921, zu Esch. Riede goufe gehale vum Arbed-Generaldirekter Aloyse Meyer, dem P. Schong, President vun der Zentralbeamtendelegatioun, a vum Architekt Paul Flesch, offizielle Vertrieder vum Fräidenkerbond an dem Feierbestattungsveräin. De Blum ass de 4. Januar 1921 am Krematorium vu Mainz verbrannt ginn. [6]

De Louis Blum war de Papp vum René Blum.

Nom Louis Blum benannt[änneren | Quelltext änneren]

  • eng Cité zu Esch-Uelzecht: d'Cité Louis Blum (PLZ 4034) am Quartier Bruch, déi aus dräi Sakgaasse besteet déi vun der rue de Macon ofzweigen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Louis Blum – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Massard 1990, S. 148-149, Le centenaire de la naissance de Louis Blum (1858-1920).
  2. Publications de l'Institut royal grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles et mathématiques, tome XXI, S. VII (membres agrégés).
  3. François 1921, S. 173.
  4. Kuck: J.A. Massard & G. Geimer, 1990. Table générale des publications de la Société de Botanique du Grand-Duché de Luxembourg (1874-1905) et de la Société des Naturalistes Luxembourgeois (1891-1989), avec index analytique des matières. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 91, S. 364.
  5. Blum 1981, S. 84-85; Bisenius & Gloden 1948.
  6. Escher Tageblatt 1920-12-31, S. 6 (avis mortuaire).[1]
    Escher Tageblatt 1921-01-03, S. 2 (Die Bestattung des verstorbenen Herrn Louis Blum).[2]