Louis Charles Crespin
Louis Charles Crespin | |
---|---|
![]() De Louis-Charles Crespin als Kand, op engem Bild vum Henri Evenepoel (1895) | |
Gebuer |
2. August 1892 Saint-Josse-ten-Noode - Sint-Joost-ten-Node |
Gestuerwen |
30. Mäerz 1953 Saint-Josse-ten-Noode - Sint-Joost-ten-Node |
Nationalitéit | Belsch |
Educatioun | Académie royale des beaux-arts |
Aktivitéit | Moler |
![]() |

De Louis-Charles Crespin, gebuer den 2. August 1892 zu Bréissel, a gestuerwen den 30. Mäerz 1953 zu Saint-Josse-ten-Noode, war e belsche Moler.
Biographie
[änneren | Quelltext änneren]De Crespin war Member vum Bréisseler Cercle artistique et littéraire an huet ënner anerem am Cercle artistique zu Bréissel, zu Paräis, an der Royal Academy zu London an a villen europäesche Stied ausgestallt.
Seng Wierker ginn an de Sammlunge vu Konschtmuséeen zu Bréissel, Saumur, Bern an a private Sammlunge conservéiert. Eng Waasserfaarf-Zeechnung (datéiert op d'lescht Quartal vum 19. Joerhonnert bis d'éischt Hallschent vum 20. Joerhonnert) ass an der Kollektioun vum Nationalmusée um Fëschmaart.
Hien huet och Glasmolereie gemaach, ë. a. fir d'Notre-Dame du Sablon an d'Basilika Koekelberg.zu Bréissel.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Chevalier de l'Ordre de la Couronne
- Commandeur de l'Ordre du Saint-Sépulcre
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- René Édouard-Joseph, Dictionnaire biographique des artistes contemporains, tome 1, A-E, Art & Édition, 1930, p. 332
- Bénézit, 1961
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Louis Charles Crespin – Biller, Videoen oder Audiodateien |