Luc Bonblet

Vu Wikipedia
Luc Bonblet
Gebuer 10. Mee 1961
Gestuerwen 25. Januar 2006
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

De Luc Bonblet gebuer den 10. Mee 1961 zu Watermael-Boitsfort an der Haaptstadregioun Bréissel, a gestuerwen de 25. Januar 2006 bei engem Autosaccident bei der Burer Millen, war e lëtzebuergesche Politiker.

De Geschäftsmann Luc Bonblet war zanter 1988 Member vum Rousperter Gemengerot. Vun 1988 bis 1993 war en Éischte Schäffen. Zanter 1993 war e Buergermeeschter vun der Gemeng Rouspert. Nodeem hien 1984 op der Lëscht Gremling vun den onofhängege Sozialisten en éierbaart Resultat erreecht hat, gouf hie bei de Chamberwale vun 2004, éischten Ersatzkandidat, als zweeten am Bezierk Osten op der Lëscht vun der LSAP gewielt.[1]

Eng ganz Rëtsch Aarbechte goufe wärend senger Zäit als Buergermeeschter realiséiert, dorënner eng nei Schoul, eng interkommunal Kläranlag, en neit Haus fir d'Pompjeeën zu Uesweller, e Bau fir Kultur- an d'Pompjeeën.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Noruff op lsap.lu