Lux Golf Center

Vu Wikipedia
Een Deel vum Lux Golf Center op der Kockelscheier. Lénks d'Hale vum CK Sport Center. Riets uewen: Bürosgebaier op der Cloche d'or.

De Lux Golf Center ass e Golf-Trainingszenter op der Kockelscheier an der Stad Lëtzebuerg. E läit nieft dem CK Sport Center.

Den Zenter, dee kee Golfparcours huet, ass eng Übungsplaz wou souwuel Ufänger wéi och forgeschratte Spiller eenzel Schléi trainéiere kënnen, dat eleng oder och zesumme mat engem Golftrainer. Och Course fir Ufänger ginn ugebueden.[1]

Den Initiateur vum Projet ass de Golftrainer Frank Navarro[1].

Den Terrain[änneren | Quelltext änneren]

En ass zirka 300 op 170 Meter grouss, op enger Fläch vu ronn 4,5 Hektar. Den Terrain huet 30 Plaze vu wou Golfbäll kënne fortgeschloe ginn[2].

Den Terrain ass an e puer Zonen agedeelt, dorënner jee eng fir Driving, Range, Putting-Zone a Pitching-Green. Bis zu 80 Spiller kënne gläichzäiteg um Terrain üben[1].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den éischte Spuetestéch gouf den 31. Juli 2010 ugesat. De 25. Juni 2012 huet den Zenter seng Dieren opgemaach. De Projet huet am Ganze 700.000 Euro kascht.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • (RdM), 2012. Golf-Zentrum Kockelscheuer öffnet heute seine Tore. Luxemburger Wort vum 25. Juni 2012, S. 29.
  • Thinnes, D., 2011. Trainingszentrum "Lux Golf Center" auf Kockelscheuer eröffnet Ende April 2012. Tageblatt vum 1. Dezember 2011, S. 25.
  • Zwank, R., 2012. Golfen für alle ab Frühjahr. Eröffnung des "Lux Golf Center" für Ende April 2012 geplant. Luxemburger Wort vum 24. November 2011.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Luxemburger Wort, 25.6.2012, S. 29.
  2. Tageblatt vum 3. Dezember 2011, S. 25.