Japanesch Kiischtebeem op der Kockelscheier

Vu Wikipedia
Déi japanesch Kiischtebeem op der Kockelscheier. Riets de Bamstamm mat der Infoplack. (Enn Abrëll 2012).
De Bamstamm mat der Plack.

D'japanesch Kiischtebeem (Prunus serrulata) op der Kockelscheier an der Stad Lëtzebuerg stinn um Wues tëscht dem ëffentleche Parking an dem Wee laanscht den ënneschte vun den dräi Weieren déi der Gemeng Lëtzebuerg gehéieren.

Am Fréijoer 2012 sinn et 47 Beem.

Si goufen 1981, zesumme mat am Ganzen 200 Beem vun dëser Aart, der Stad Lëtzebuerg vum Yoshiyuki Urata geschenkt, an zwar jee 50 Beem vu jiddwerenger vu véier Varietéiten.[1] Am Laf vun de Jore goufen eng Rëtsch vun hinnen duerch nei, jonk Kiischtebeem ersat.

Un den Don vun de Beem erënnert, op engem Bamstamm, eng bronze Plack mat engem Text op Franséisch an op Japanesch. Hei de franséischen Text:

200 cerisiers japonais
50 Somei Yoshino
50 Yaebeni Shidare
50 Ichiyo
50 Shogetsu
présentés (sic) de Monsieur Yoshiyuki Urata
Haibara-cho. Fukunishi. Nara-ken. JAPON
à la Ville de Luxembourg
en espérant que l'amitié éternelle
durera entre le Grand-Duché de
Luxembourg et le Japon.
10 mars 1981

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Welter, A., J. Turk & J. Trossen, 2008. Les arbres introduits au Luxembourg. Inventaire des esssences arborescentes non indigènes de pleine terre présentes sur le territoire du Grand-Duché de Luxembourg. – Ferrantia 53, S. 67 PDF

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Si stinn net op der 'offizieller' Lëscht vun de Bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg (Sinner J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. Am Band Les arbres introduits au Luxembourg vun 2008 (cf. Literatur) ginn se kuerz ernimmt.