Lyons Groups of Galaxies
De Lyons Groups of Galaxies (oder LGG) ass en astronomesche Katalog vun noe Galaxiëgruppen, komplett bis erof op eng visuell Hellegkeet mB0 = 14,0m a Radialvitesse vu manner wéi 5.500 km/s.
Method[änneren | Quelltext änneren]
Bei der Opstellung vum Katalog goufen zwou ënnerschiddlech Methode fir d'Gruppenzoustellung benotzt:
Eng Filtermethod, entwéckelt vum Huchra a Geller an eng hierarchesch Method déi fir d'éischt vum R. Brent Tully benotzt gouf. De Katalog ass eng Zesummeféierung vun de Resultater vun den zwou Methoden.
Ëmfang[änneren | Quelltext änneren]
Den LGG faasst 485 Gruppen an 3.933 Galaxien.