Margaret Geller

Vu Wikipedia
Margaret Geller
Gebuer 8. Dezember 1947
Nationalitéit USA
Educatioun Princeton Universitéit,
University of California,
Princeton Universitéit
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker, Universitéitsprofesser
Member vun National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, American Association for the Advancement of Science, International Astronomesch Unioun

D'Margaret Joan Geller, gebuer den 8. Dezember 1947 zu Ithaca, New York, USA ass eng US-amerikanesch Astrophysikerin.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Margaret Geller ass d'Duechter vum Kristallograph Seymour Geller a senger Fra Sarah Levine Geller. Schonn als Kand huet si sech staark fir d'Mathematik intresséiert. 1970 krut se hire Bachelor op der University of California, Berkeley. Den Charles Kittel huet hir virgeschloen a Richtung Astrophysik oder Biophysik ze studéieren. Si hat sech fir Astrophysik entscheet an huet am Joer 1972 hire Master gemaach an dräi Joer méi spéit op der Princeton Universitéit hiren Doktortitel. Vun 1974 bis 1976 war si Post-Dokterand am Harvard-Smithsonian Center for Astrophysics, duerno Fellow um Harvard College Observatoire an 1980 bis 1983 Assistenzprofessesch op der Harvard Universitéit. Zanter 1983 schafft si am Smithsonian Astrophysical Observatory an ass zanter 1988 zousätzlech Astronomieprofessesch op der Harvard Universitéit.

D'Geller huet d'Universum kartographéiert a widderleet d'Hypothes, datt d'Galaxien op grousse Moossstief gläichfërmeg verdeelt sinn. Dozou huet si mat hire Mataarbechter d'Routverrécklung vu 584 Galaxië fir d'éischt vermooss. Op der Kaart déi si opgestallt huet, sinn d'Galaxië kengesfalls zoufälleg verdeelt, mä wéi an enger schaumaarteger Struktur verdeelt.[1] Berüümt gouf och de „Stréchmännchen“ an deem Diagramm. Si huet 1989 mam John Huchra déi Grouss Mauer entdeckt, déi bis dohi gréisste Struktur am Universum.[2] Ausserdeem intresséiert si sech fir d'Verdeelung vun der Donkeler Matière am Kosmos souwéi fir d'Mass am Halo vun eiser Mëllechstrooss, fir Galaxiëkéip a fir d'Stärgenesis.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1975 Bright Galaxies in Rich Clusters: A Statistical Model for Magnitude Distributions. Dissertatioun,
  • méi wéi 200 wëssenschaftlech Aarbechten
  • Filmer (all an Zesummenaarbecht mam Boyd Estus):
    • 1989 Mapping The Universe (5 Minutten)
    • 1989 Where The Galaxies Are (8 Minutten)
    • 1993 So Many Galaxies... So Little Time (40 Minutten)
    • 1996 Fred and Ginger on the Universe (Kuerzfilm)

Präisser[änneren | Quelltext änneren]

Member bei[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Valérie de Lapparent, Margaret J. Geller, John P. Huchra: A Slice of the universe. In: Astrophysical Journal. 1986, Band 302, S. L1–L5.
  2. Margaret J. Geller, John P. Huchra: Mapping the universe. In: Science. 1989, Band 246, S. 897–903.