Léandre Lacroix
Ausgesinn
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Léandre Lacroix | |
---|---|
Gebuer |
1. Januar 1859 Réimech |
Gestuerwen |
28. Mäerz 1935 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Affekot |
Partei | Liberal Liga |
De Léandre Lacroix, gebuer den 1. Januar 1859 zu Réimech, a gestuerwen den 28. Mäerz 1935 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.
De 26. Mäerz 1904 gouf hie Buergermeeschter vun der Gemeng Réimech[1] an hien ass dat bis 1906 bliwwen.
Vun 1914 bis 1918 war hie Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg.
Hie war Deputéierte vun de Kantoner Réimech a Lëtzebuerg.[2]
Zesumme mam Alphonse Weicker hat hien d'Banque générale du Luxembourg gegrënnt.
Fir un hien z'erënneren ass 1935 um Lampertsbierg eng Strooss no him genannt ginn: d'Rue Léandre-Lacroix[3].
Gielercher[2]
[änneren | Quelltext änneren]- Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne
- Officier vun der Légion d'honneur
Virgänger: Alphonse Munchen |
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg 1914 - 1918 |
Nofollger: Luc Housse |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Memorial N° 17 vun 1904 mat der Publikatioun vun der Nominatioun vum Léandre Lacroix als Buergermeeschter vu Réimech
- ↑ 2,0 2,1 Doudesannonce vum Léandre Lacroix am Luxemburger Wort vum 29. Mäerz 1935 Archivéiert de(n) 09.10.2020. Gekuckt de(n) 22.02.2015.
- ↑ Rue Léandre-Lacroix an den Archive vun der Stad Lëtzebuerg; gekuckt den 13. Abrëll 2020
Kategorien:
- Citation
- Buergermeeschtere vun der Stad Lëtzebuerg
- Buergermeeschtere vu Réimech
- Lëtzebuergesch Buergermeeschteren
- Lëtzebuergesch Affekoten
- Lëtzebuergesch Deputéiert
- Commandeur de l'ordre de la couronne de chêne
- Officier de la Légion d'honneur
- Membere vun der Assemblée constituante vun 1918
- Gebuer 1859
- Gestuerwen 1935
- Persounen, no deenen eng Struktur zu Lëtzebuerg genannt ass