Magyar Telekom
| Magyar Telekom | |
|---|---|
|
| |
| Grënnungsdatum | 31. Dezember 1991 |
| Land | Ungarn |
| Sëtz | Budapest |
| Besëtzer | Deutsche Telekom |
| Mataarbechter | 6.931 |
| (2018) | |
| Ëmsaz | 1.537.000.000 Euro |
| (2018) | |
| Branche | Telekommunikatioun |
| Homepage | https://www.telekom.hu/ |
|
| |

D'Magyar Telekom ass eng vun de gréissten Telekomunikatiousentreprisen an Ungarn.
Si bitt Telekomunikatiouns- an Informatiounskommunikatiounsdéngschter fir Privatpersounen souwéi fir kleng, mëttel a grouss Entreprisen un.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Ungaresch Telekom gouf 1991, als ee vun de gréisste Telekommunikatiounsprovideren an Ungarn, als "Matáv" gegrënnt.[1][2]
2004 gouf den Numm a "Magyar Telekom" geännert, fir d'Identitéit an d'Breet vun hiren Déngschtleeschtungen ze reflektéieren.[3][4] D'Ungaresch Telekom ass eng Duechtergesellschaft vun der däitscher Telekom.[5]
D'Entreprise bitt eng breet Offer vun Déngschter un, dorënner Mobiltelefonie, Fixtelefonie, Internetservicer an Televisioun. Déi lescht Joren huet d'ungaresch Telekom och an innovativ Technologien investéiert, wéi d'5G-Netz an digital Léisungen, fir d'Konkurrenzfäegkeet ze garantéieren a fir sech un d'Bedierfnesser vun hirer Clientèle unzepassen.
Den 1. Juli 2022 huet d'ungaresch Telekom hiert ganzt 3G-Netz an Ungarn ausgeschalt, well et net méi benotzt gouf. D'4G-Netz an d'5G-Netz si weiderhi verfügbar.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Magyar Telekom – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (hu) Cégtörténet - Magyar Telekom csoport. Telekom Mobilszolgáltatás. Gekuckt de 15.08.2022.
- ↑ (hu) Magyar Telekom sajtóközlemények. Gekuckt de 15.08.2022.
- ↑ (hu) T-Mobile-ra változik a Westel. Magyar Telekom. Gekuckt de 15.08.2022.
- ↑ (hu) T-Mobile: gyors márkaváltás. Magyar Telekom. Gekuckt de 15.08.2022.
- ↑ (hu) Bemutatkozik a Magyar Telekom Csoport. Magyar Telekom. Gekuckt de 15.08.2022.
