Marc Dostert

Vu Wikipedia
Marc Dostert
Gebuer 15. Oktober 1975
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dirigent, Sänger

De Marc Dostert, gebuer de 15. Oktober 1975, ass e lëtzebuergesche Museker, Sänger an Dirigent. De Marc Dostert ass zanter 2013 bestuet.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Seng éischt musikalesch Ausbildung krut de Marc Dostert am Jongechouer Petits chanteurs de Diekirch[1] an duerno bei de Pueri Cantores. Hien huet Gesang beim Yannchen Hoffmann geléiert, an huet weider musikalesch Studien um Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg gemaach.

Hien huet säi Secondaire am Dikrecher an am Stater Kolléisch gemaach, wou hien 1996 mat der Première ofgeschloss huet. Duerno huet hie Gesang op der Johannes Gutenberg-Universitéit Mainz studéiert, wou hien 2004 säin Ofschloss beim Professer Thomas Dewald gemaach huet. Vun 2002 bis 2004 war hie Chargé de cours op der Universitéit Mainz an Assistent vum Professer Joshard Daus, dem Dirigent vum Universitéitschouer.

Vun 2004 bis 2007 war hie Chargé de cours am Lycée du Nord zu Woltz, duerno huet hie vun 2007 bis 2013 an der Museksschoul vun der UGDA an och vun 2008 bis 2011 an der Diddelenger Museksschoul ënnerriicht. Zanter 2011 gëtt hie Gesangscoursen am Stater Conservatoire, wou hien 2016 och als Professer ugestallt gouf[2].

Vun 2006 bis 2014 war hien Dirigent vum Madrigal de Luxembourg[3] a vun 2006 bis 2013 och Dirigent vun den Dikricher Solschlësselcher.

Hien ass Member vun der Schola gregoriana Lëtzebuerg - Misericordias an zanter 2013 Dirigent vun der Maîtrise[4].

Als Sänger an Dirigent huet de Marc Dostert mat ville bekannten nationalen an internationalen Orchesteren, Dirigenten a Chéier zesummegeschafft. Reegelméisseg trëtt hien als Solist bei Concerten an a Massen zu Lëtzebuerg an am Ausland op.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Geschicht vun den "Dikricher Solschlësselecher" Gearchiveerd op 2016-10-05. Gekuckt de(n) 2016-12-26.
  2. Personal vum Stater Conseratoire
  3. Dirigente vum Madrigal Gearchiveerd op 2016-12-30. Gekuckt de(n) 2016-12-26.
  4. Dirgent vun der Maîtrise Gearchiveerd op 2016-12-31. Gekuckt de(n) 2016-12-26.