Marcel Knauf
| Marcel Knauf | |
|---|---|
| Gebuer |
22. Juli 1923 Rodange |
| Gestuerwen | 1. Februar 1990 |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Gewerkschaftler, Politiker, Foussballspiller |
| Partei | LSAP |
| Fonctioun | Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber |
|
| |
De Marcel Knauf, gebuer den 22. Juli 1923 zu Rodange, a gestuerwen den 31. Januar.[1] oder 1. Februar 1990, war e lëtzebuergeschen Zwangsrekrutéierten, Gewerkschaftler a Politiker (LSAP).[2]
Hie war Gewerkschaftssekretär vum LAV.[2]
Bei de Chamberwale vum 7. Juni 1964 gouf hien eng éischt Kéier als Deputéierten an d'Chamber gewielt an ass dat och bis zum Enn vun där Legislatiounsperiod bliwwen. Bei de Chamberwale vum 15. Dezember 1968 gouf hien net direkt erëmgewielt mä nom Doud vum Jean Fohrmann ass hien 1973 an d'Chamber nogeréckelt. Bei de Chamberwale vum 26. Mee 1974 gouf hien dunn erëmgewielt an hat säin Deputéiertemandat bis 1979.[1][2]
Hie war vun 1951 bis zu sengem Doud 1990 am Gemengerot vun der Gemeng Péiteng.[1][2]
Hie war och Foussballspiller a President[3] vum FC Racing Rodange, mat deem hien ë. a. 1949 an der Finall vun der Coupe de Luxembourg géint d'Stade Diddeleng gespillt huet. [4]
Zu Rodange gouf eng Strooss no him genannt.
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 3 Alex Bodry, Ben Fayot: 120 Jor Sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber. Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Éditions La Mémoire Socialiste, 2016, S.110.
- 1 2 3 4 Noruff op de Marcel Knauf an der 27. Sëtzung vum Sëtzungsjoer 1989-90 vun der Chamber den 13. Februar 1990
- ↑ Inaugaration du premier drapeau du F.C. Rodange 91. viewer.eluxemburgensia.lu. FC Rodange 91 (1992). Gekuckt de 15.04.2026.
- ↑ (de) Stade Düdelingen - FC Racing Rodange (- 1991), 10.04.1949 - Coupe de Luxembourg - Spielbericht. www.transfermarkt.de. Gekuckt de 15.04.2026.
