Marcel Oberweis

Vu Wikipedia

De Marcel Oberweis, gebuer den 9. Abrëll 1949 zu Diddeleng, ass e lëtzebuergeschen CSV-Politiker.

Hien ass zënter dem 3. August 2004 Deputéierten aus dem Walbezierk Zentrum an der Chamber (2009 erëmgewielt).

Hien ass zënter dem 1. Januar 1994 Conseiller an der Gemeng Steesel.