Mariette Kemmer

Vu Wikipedia
Mariette Kemmer
Gebuer 29. November 1953
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Operesänger

D'Mariette Kemmer, gebuer den 29. November 1953, ass eng lëtzebuergesch Sopranistin, Oper-a Liedsängerin.

D'Mariette Kemmer kënnt aus enger ganz musikalëscher Famill. Hir Mamm huet musizéiert, hire Papp war Pianosproff am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg an hire Monni war de Komponist, Museker an Dirigent Jean-Pierre Kemmer. Am Stater Conservatoire huet si Cello studéiert, ier se mat hirem Gesank-Studium ugefaangen huet.

Am Théâtre Royal de la Monnaie zu Bréissel hat si hir éischten Operoptrëtter, an der Roll vun der Mélisande; der Micaela a Carmen vum Bizet, a vill weider Rollen.

D'Mariette Kemmer ass Professesch fir Sologesank a fir Art lyrique am Escher Conservatoire.

CDen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]