Op den Inhalt sprangen

Marscherwald (Bësch)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Bësch am Oste vu Lëtzebuerg. Fir d'Uertschaft mam selwechten Numm, kuckt wgl. Marscherwald.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Marscherwald
Am Marscherwald
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Bech,
Konsdref

De Marscherwald ass e Bësch am Oste vu Lëtzebuerg. En erstreckt sech vu Grolënster a Richtung Norde bis an d'Géigend vu Präiteler.

Bis 1846 huet de Bësch zesumme mat der Uertschaft mam selwechten Numm e Ganzt an der Gemeng Konsdref gebilt. Duerch d'Gesetz vum 25. Juli 1846 N° 1525[1], sinn déi Deeler vum Bësch déi den Awunner vun Hemstel, Zëtteg, Rippeg an Heeschbreg gehéiert hunn, bei d'Gemeng Bech geprafft ginn. De Rescht, dorënner och déi puer Haiser déi haut nach d'Uertschaft bilden, ass bei der Gemeng Konsdref bliwwen.

Commons: Marscherwald – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (fr)LOI du 25 juillet 1846, N° 1525, portant modification de l'ordonnance Royale Grand-Ducale, du 12 octobre 1841, relative à la circonscription judiciaire et administrative (25. Juli 1846). Gekuckt de(n) 21.08.2024.