Marthe de Kerchove

Vu Wikipedia

D'Marthe de Kerchove och bekannt ënner dem bestueten Numm als Marthe Boël, gebuer zu Gent den 23. Juli 1877, a gestuerwen den 18. Januar 1956 zu Bréissel, war eng belsch Resistenzlerin, Gewerkschaftlerin a Feministin.

Si war dat drëtt Meedche vun der Maria Lippens an dem Grof Oswald de Kerchove de Denterghem deen Affekot, Senateur a Gouverneur vun der Provënz Hainaut war. Hire Grousspapp de Charles de Kerchove de Denterghem war vun 1857 bis 1881 Buergermeeschter zu Gent. Si ass an den Institut de Kerchove an d'Schoul gaangen an huet duerno zu Bréissel an zu Paräis studéiert a mat engem Brevet supérieur ofgeschloss.

1898 huet se sech mam Pol Boël bestuet deen Direkter vun den Usines Gustave Boël zu La Louvière war. Si huet doduerch déi verschidde Problemer vun den Aarbechter an hire Famille kenne geléiert, an huet sech decidéiert fir sech a veschiddenen Hëllefsprojeten z'investéieren. Sou war si vun 1904 un, Presidentin vun engem Aarbechterënnerstëtzungsveräin, an 1912 huet si eng Berodungsplaz fir Mamme mat Bëbeeën ageriicht, an d'Joer drop huet se e Fraenënnerstëtzungsveräi gegrënnt.

Wéi den Éischte Weltkrich ausgebrach ass huet s'op enger Ambulanz gehollef, an zesumme mat hirem Mann huet se verschidden Hëllefwierker op d'Bee gesat fir der Bevëlkerung ënner d'Äerm ze gräifen. Si hat en heemleche Postservice organiséiert fir Bréiwer tëscht den Zaldoten an hire Familljen ze schmuggelen. Am Oktober 1916 gouf se zesumme mat hirem Mann verhaft. Vum däitsche Geriicht gouf hire Mann verurteelt fir an Däitschland deportéiert ze ginn, a si krut zwee Joer Prisong. Déi belsch Regierung huet hir Fräiloossung ausgehandelt, mä si huet net däerfen an d'Belsch zeréckgoen. Mat den dräi jéngste Kanner huet se sech dunn an der Schwäiz installéiert, an den eelste Bouf ass mat 17 Joer bei déi belsch Arméi gaangen.

Nom Krich huet se d'Fraesektioun vun der belscher liberaler Partei organiséiert a sech fir déi belsch Feministebeweegung agesat. 1921 koum s'an de Conseil national des femmes belges, gouf deem seng Presidentin am Joer 1935, an d'Joer drop gouf se Presidentin vum Conseil international des femmes.

Am Zweete Weltkrich hunn déi Däitsch hir all Aktivitéit verbueden, a si huet sech dunn haaptsächlech mat der Reform vum Unterrechtswiese beschäftegt.

Nom Krich war si nach eng Kéier Presidentin vum Conseil international des femmes bis 1947 a vum Conseil national des femmes bis 1952.

Hir Riede goufen 1950 verëffentlecht.