Maurice Gillen
Ausgesinn
| Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Maurice Gillen | |
|---|---|
| Gebuer |
25. Juli 1895 Paräis |
| Gestuerwen |
6. Abrëll 1974 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Vëlossportler |
| Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1924 |
|
| |
De Maurice Gillen, gebuer de 25. Juli 1895 zu Paräis, a gestuerwen de 5. Abrëll 1974 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Vëlossportler.[1]
1924 war hie bei den Olympesche Summerspiller zu Paräis, wou hien de Sprint (Course vun den 1000m) op der Pist gefuer ass.
Hien hat e Vëlosgeschäft op der Nr. 6 am Kräizgrënnchen (01.10.1930) a vum Mäerz 1931 un op der no. 16 an der Ënneschtgaass.[2]
Hien ass de Papp vum Lull Gillen.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ De Maurice Gillen op der Websäit sports-reference.com
- ↑ Quell:Nouvelles Sportives an Etat Civil VdL
