Lull Gillen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Soccer stub.svg Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Gillen (1958)

De Lucien (Lull) Gillen, gebuer de 7. Oktober 1928 an der Stad Lëtzebuerg an och do gestuerwen den 11. August 2010[1] war e lëtzebuergesche Vëlossportler a Bankemployé. Hie war e Spezialist op der Bunn an ass haaptsächlech Sechs-Deeg-Coursse gefuer. 1955 huet hien op der Bunn zu Mailand en neie Weltrekord iwwer 5000 m opgestallt. De Lull Gillen war de Jong vum Maurice Gillen.

Seng Carrière als Vëlossportler[änneren | Quelltext änneren]

Säin éischten Erfolleg op zwee Rieder hat de Lull Gillen am Alter vu sechs Joer, wéi e bei enger Trotinette-Course matgemaach huet, an déi gewonnen huet.

Den 13. September 1947 ass de Lull Gillen professionelle Vëlossportler ginn. (Quell: "De Letzeburger Sport" vum 04.09.1947)

D'Sechs-Deeg-Courssen[änneren | Quelltext änneren]

De Lull Gillen ass seng éischt Sechs-Deeg-Course vum 18. bis den 23. Oktober 1948 zesumme mam Mett Clemens zu New York gefuer. Obschonn déi zwéin nach weider keng Erfarung op der Piste haten, koumen si dobäi op déi 2. Plaz.

Seng lescht Sechs-Deeg-Course ass hien zesumme mam Palle Lykke-Jensen vum 18. bis de 24. Mee 1966 zu Québec gefuer an huet do mat enger 4. Plaz seng Carrière op der Piste ofgeschloss.

De Lull Gillen ass a senger Carrière 123 Sechs-Deeg-Coursse matgefuer, vun deenen hien der 11 gewonnen hat. Hien ass och nach 20-mol op déi 2. Plaz a 24-mol op déi 3. Plaz komm.

De Weltrekord iwwer 5000m[änneren | Quelltext änneren]

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

1947[änneren | Quelltext änneren]

1948[änneren | Quelltext änneren]

  • 2. an de Sechs Deeg vun New York

1949[änneren | Quelltext änneren]

  • 10. an de Sechs Deeg vun Antwerpen (zesumme mam Guy Lapébie)

1950[änneren | Quelltext änneren]

  • 6. an de Sechs Deeg vun Antwerpen (zesumme mam Stan Ockers)

1951[änneren | Quelltext änneren]

  • 4. an de Sechs Deeg zu London (mam Gustav Kilian)

1952[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. an de Sechs Deeg vu Kopenhagen (mam Kay-Werner Nielsen)
  • 8. an de Sechs Deeg vu London (mam David Rickets)
  • 18. am Grand Prix des Nations (140,3 km)

1953[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. an de Sechs Deeg vu Sainte-Étienne (mam Ferdinando Terruzzi)
  • 1. an de Sechs Deeg vun Dortmund (mam Ferdinando Terruzzi)
  • 1. an de Sechs Deeg vu Kopenhagen (mam Ferdinando Terruzzi)
  • 15. am Tour de Luxembourg

1954[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. an de Sechs Deeg vu Kopenhagen (mam Ferdinando Terruzzi)

1955[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. am Tour de l'Oise
  • 1. an de Sechs Deeg vu Gent (mam Ferdinando Terruzzi)
  • 1. an de Sechs Deeg vu Berlin (mam Ferdinando Terruzzi)

1956[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. an de Sechs Deeg vu Kopenhagen (mam Gerrit Schulte)

1959[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. an de Sechs Deeg vu Münster (mam Peter Post)

1964[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. an de Sechs Deeg vu Quebec (mam Émile Severeyns)
  • 1. an de Sechs Deeg vu Montreal (mam Robert Lelangue)

1966[änneren | Quelltext änneren]

  • 3. an de Sechs Deeg vu Montreal (mam Palle Lykke-Jensen)
  • 4. an de Sechs Deeg vu Quebec (mam Palle Lykke-Jensen)
  • 6. an de Sechs Deeg vu Mailand (mam Willi Altig)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Medien[änneren | Quelltext änneren]

  • Schwartz, Jean: 6 Deeg a keen Enn - Dem Lull Gillen säin Liewen op DVD

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce am LW vum 12. August 2010, S. 43