D'Maus Ketti

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Maus Ketti)
Maus Ketti-Editioun vun 1936, Illustratiounen: Pierre Blanc.

D'Maus Ketti (an haiteger Schreifweis och alt "D'Maus Kätti") ass déi wuel bekanntst Geschicht a Versform vum Lëtzebuerger Schrëftsteller Auguste Liesch. Se baséiert um Äsop senger Fabel iwwer d'Stad- an d'Feldmaus.

D'Maus Ketti ass 1936 fir d'éischt beim Gust. Soupert publizéiert ginn.

Ëm wat geet et?[änneren | Quelltext änneren]

D'Ketti, d'Feldmaus, lieft zu Biermereng am Feld (...), einfach a gesond vu Weess an Hieselnëss. Et kritt Besuch vu senger Kusin Mim aus Clausen. D'Ketti dëscht him deftegt Iessen op, dat dem Mim awer net apaart schmaacht. D'Mim invitéiert d'Ketti an d'Stad, nodeem et him vu Crème a Kuch a Bond geschwäermt huet.

An der Stad schläiche se sech an en Haus, a maache sech iwwer e Buffet voller Schlabäizercher hier. Mä op eemol dauchen de Kueder Tunn a seng Freiesch op, an déi zwou Mais kënnen am leschten Ament entwutschen. D'Ketti, nach d'Doudangscht an de Schanken, decidéiert, direkt erëm heemzegoen:

Ech ginn neess heem, et wär mäin Doud,
Dat ass jo hei kee Liewen;
Muss een da fir all Maufel Brout
an dausend Ängschte schwiewen?

Wéi beim Äsop ass d'Moral vun der Geschicht kloer: Mat Wéineg kann een dacks méi glécklech sinn wéi mat Iwwerfloss a Suergen.

Mat vill Léift zum Detail portraitéiert de Liesch an der Maus Ketti op der enger Säit déi naiv, mä guttmiddeg Feldmaus, op der aner déi snobistesch-agebilt Stadmaus. Generatioune vu Schoulkanner hunn hir Bekanntschaft mat deenen zwou Mais gemaach.

D'Kulturzentrum vu Biermereng ass dann och no där bekannter 'Biergerin' benannt.

Kulturzentrum Maus-Ketti zu Biermereng (2019).

Editiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Maus Ketti. Gust. Soupert, 1936 (éischt Editioun).
  • D'Maus Ketty Am Buch -Allerhand- Éditions Du Centre 1959 zweet erweidert Oplo
  • 1966, mat Illustratioune vum Pe'l Schlechter
  • 1969, mat Illustratioune vum Willy Faber
  • 1988, mat Illustratioune vum Romain Schroeder
  • 1995, mat Illustratioune vum Leo Reuter
  • D'Maus Kätti. Illustratioune vum Alison Koch-Kent. Éditions Schortgen, Esch-sur-Alzette, 2003. ISBN 87953-977-3.
  • D'Maus Kätti. Illustratioune vum Valérie Willame. Editions Radar, 2019.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]