Metazachlor am Stauséi Uewersauer

Vu Wikipedia

D'Herbizid Metazachlor koum zu Lëtzebuerg 2014 an d'Gespréich, nodeems de 17. September zu Witry an der Belsch en Unhänger ëmgekippt war, a ronn 6000 Liter Metazachlor-Léisung an d'Moyémont, eng Niewebaach vun der Sauer, eragelaf sinn. E puer Deeg duerno gouf den Herbizid am Waasser vum Stauséi Uewersauer nogewisen.[1].

Doropshi gouf den 3. Oktober 2014 bis op Weideres keen Drénkwaasser méi vun der SEBES, déi d'Waasser aus dem Stauséi opbereet, an d'Waasserleitunge geleet.[2] Well dunn awer festgestallt gouf, datt d'Grondwaasser op verschiddene Plazen am Land och mam Pestizid belaascht war, gouf d'Aktioun schonn eng knapps Woch duerno nees ofgeblosen.[3] Déi zoustänneg Ministere Mutsch an Dieschbourg haten dat erméiglecht andeems se wéi am Gesetz virgesinn eng Ausnamsreegelung erdeelt haten, déi et erlaabt fir eng kuerz Zäit[4] d'EU-Grenzwäerter ze depasséieren.[5],[6]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Communiquée vun der SEBES[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Ganser, J., 2014. Knapp zwei Wochen nach Herbizid-Unfall. Die Last im Stausee. Luxemburger Wort vum 1. Okt., S. 24.
  2. Ganser, J. Folge der Pestizidbelastung. Sebes dreht den Hahn zu. Luxemburger Wort vum 3. Okt. 2014, S. 21.
  3. Belastung im Grundwasser - festgestellt - Trinkwasser kommt wieder aus dem Stausee wort.lu 9. Oktober 2014
  4. Am Sënn vum Gesetz bis zu dräi Joer
  5. Pressekonferenz zur Situation des Trinkwassers, 9. Oktober 2014 archivéiert
  6. Pollution en Haute-Sûre: Cri d'alarme d'un scientifique, paperjam.lu 14. Oktober 2014