Minden (Sauer)
Mindnen | |
---|---|
Land | Däitschland |
Bundesland | Rheinland-Pfalz |
Krees | Béibreg-Prüm |
Verbandsgemeng | Südeifel |
Awunner | 252 (31. Dezember 2022) |
Fläch | 375 ha |
Héicht | 162 m |
Koordinaten |
49° 49’ 29’’ N 06° 28’ 06’’ O |
Telefonszon | 06525 |
Postcode | 54310 |
Websäit | http://www.suedeifelinfo.de |
Minden, ass eng Uertsgemeng an der Verbandsgemeng Südeifel am Äifelkrees Béibreg-Prüm, am däitsche Bundesland Rheinland-Pfalz.
Et läit op der Sauer, do wou d'Prüm draleeft, praktesch vis-à-vis vum lëtzebuergesche Steenem.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Um Territoire vu Minde goufen archeologesch Saachen aus der Virgeschicht a Spuere vu Siidlungen aus der réimescher a fränkescher Zäit fonnt. Eng éischt Kéier schrëftlech ernimmt gouf et als "Munda" an enger Charte aus dem 12. Joerhonnert, an där vun enger fréiere Besëtz vum Klouschter Iechternach bei enger Millen zu Munda rieds geet. 1326 gouf do eng Kierch attestéiert.
Am 15. Joerhonnert war de Johan von Vinstingen, Falkenstein a Bettingen de Besëtzer vu Minden.
Bis zu der Franséischer Revolutioun huet Minden (wéi och Menningen an Irrel) zu der Par St.-Péiter-a-Pol vun Iechternach gehéiert.
Minden (Sauer) war eng Halt vun der Nims-Sauertalbahn. Haut geet iwwer den Tracé vun der fréierer Bunn e Vëloswee.
1985 gouf eng Foussgängerbréck tëscht Minden a Steenem a Betrib geholl.
Bevëlkerung
[änneren | Quelltext änneren]Entwécklung vun der Zuel vun den Awunner (31. Dezember):
|
|
|
Quell: Statistisches Landesamt Rheinland-Pfalz
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]D'Kierch, déi am Ufank vum 12. Jh. am romanesche Stil gebaut, a 1717 vergréissert an ëmgebaut gouf. Si ass dem Hellege Sylvester geweit.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Minden – Biller, Videoen oder Audiodateien |