Mira Craig

Vu Wikipedia
Mira Craig
Gebuer 31. Juli 1982
Oslo
Nationalitéit Norwegen, USA
Aktivitéit Sänger, Lidderschreiwer

D'Mira Scherdin Craig, gebuer den 31. Juli 1982 zu Oslo, ass eng norwegesch-amerikanesch R&B-Sängerin.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Am Alter vun zwielef Joer huet d'Mira Craig bei der norwegescher Televisiounsemissioun "Midt I Smørøyet" matgemaach, wou si der Whitney Houston hiert Lidd I wanna dance with somebody gesongen huet. Doroppshi gouf si vun de Produzenten direkt agestallt fir d'Emissioun ze moderéieren. Mat 15 Joer huet si ugefaangen, hir eege Lidder ze schreiwen, a mat 17 huet si d'Hannergrondstëmme vun der norwegescher Neo Soul-Sängerin Noora Noor gesongen.

Am Joer 2000 koum d'Mira Craig an d'Gespréich, nodeem de Rapper Wyclef Jean vun de Fugees si wärend dem Museksfestival "Quartfestivalen" mat op d'Bün geholl huet. Och den amerikanesche Rapper Snoop Dogg as 2005 um selwechte Festival mat hir opgetrueden, an huet zanterhier och e Lidd vum Mira Craig op senger Compilatioun Welcome to tha Chuuch: Da Album benotzt.

2006 huet d'Mira Craig hiren éischten Album "Mira Mira" verëffentlecht, dee sech an hirer Heemecht 25.000 Mol verkaaft huet a bis op d'Plaz 4 vun den Albumcharts geklommen ass. Déi éischt Single "Boogeyman" huet déi 6. Plaz an déi zweet Single "Headhunted" déi 12. Plaz an de Single-Charts erreecht. Am Januar ass d'Mira Craig bei "Alarm-prisen", enger norwegescher Musekspräisiwwerreechung als "Newcomer of The Year" ausgezeechent ginn.

Dat Joer drop gouf si vum bekannten amerikanesche Produzent Timbaland invitéiert, fir mat him an dem Rapper 50 Cent um Lidd "Come And Get Me" vum Album "Timbaland Presents Shock Value" ze schaffen, a si huet hiren zweeten Album "Tribal Dreams" mam Lidd "Leo" als éischt Single verëffentlecht.

2008 huet d'Mira Craig d'Lidd "Hold On Be Strong" fir d'Maria Haukaas Storeng geschriwwen, an domat de "Melodi Grand Prix" gewonnen; si hunn also däerfen Norwegen den 20. Mee bei der Halleffinall vum Eurovision Song Contest 2008 zu Belgrad vertrieden. D'Lidd gouf als 4. vun 19 Lidder an d'Finall de 24. Mee gewielt, wou et schlussendlech 184 Punkten an domat déi 5. Plaz erreecht huet.

Nieft hirer Aarbecht als Sängerin, Produzentin a Songwriterin designt a verkeeft d'Mira Craig och Sonnebrëller, Bijouen an huet mat Samsung an duerno mat Sony Ericsson Handyen entworf.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

Joer Titel Chart Positioun Verkaaft
NO
2006 Mira Mira 4 25.000
2007 Tribal Dreams 12 12.000
2009 Ghetto Fairytale 32

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

Joer Titel Chart Positioun Album
NO
2005 "Boogeyman" 6 Mira Mira
"Headhunted" 12
2006 "Who Make Yuh"
2007 "Leo" 13 Tribal Dreams
"Fatty Girl"
2009 "I'm the One" Ghetto Fairytale
2010 "I'll Take You High" n/a
2012 "Dead or Alive"
"Aces High"
"Love or Hate"
2014 "Muse Me"
"Fill Yourself With Love"
"Black Sheep"
2016 "The Hunt"
"Muse Me"
2017 "O2"
"All I Hear"
"001"
2018 "Eclipse"
"Lovewarriors"
"So Alive"

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mira Craig – Biller, Videoen oder Audiodateien