Moleküllewollek

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Eng ronn 2 Liichtjoer grouss Moleküllwollek am Carinaniwwel

Moleküllewolleke sinn interstellar Gaswolleken, deenen hir Gréisst, Dicht an Temperatur d'Bildung vu Moleküllen erlaabt.

Den Haaptbestanddeel vu sou enger Wollek ass molekulare Waasserstoff (H2), entspriechend der Heefegkeet vun den Elementer. Deen ass ganz schwéier z'observéieren, woufir seng Heefegkeet dacks nëmme mat Hëllef vun anere Moleküllen ze bestëmmen ass. D'Moleküll dat mat am beschten observéiert ka ginn ass de Kuelemonoxid (CO), wou d'Spektrallinne mat Radioteleskopen nogewise kënne ginn. D'Heefegkeet vun anere Moleküllen ass op d'mannst ëm de Faktor 1000 méi niddreg wéi d'Heefegkeet vun H2. Wann d'Wollek dicht genuch ass, kënne sech vill Aarte vu Moleküllen entwéckelen, bis hin zu komplexen Aminosaieren.[1] Eng gewëssen Dicht ass noutwendeg, fir d'Molekülle virun der Stralung ze sécheren, well déi se soss nees zerstéiert. Ganz dicht a kal Moleküllewolleke sinn als Donkelwolleke bekannt, et sinn d'Gebuertsplaze vun de Stären.

Zanter Mëtt vun den 1960er Joren goufe mat Radioteleskopen en etlech Moleküllen am interstellare Medium nogewisen, ënner anerem den Hydroxyl-Radikal (OH) an den Cyan (CN). Dës Moleküllen emittéieren d'Stralung am Millimeter-Wellelängteberäich. An der Tëschenzäit sinn iwwer 150 ënnerschiddlech Moleküllen [2] an de Moleküllewolleken entdeckt ginn, wéi z. B. Waasser (H2O), awer och gëfteg Substanze wéi Blosaier (HCN) a souguer Alkohol. De Kuelemonoxid bleift dat bedeitendst Moleküll fir d'Erfuerschung vun de Moleküllewolleken, well een op Grond vum CO/H2-Verhältness d'Mass vu sou enger Wollek bestëmme kann. Méi wéi d'Hallschent vun der (baryonescher) Mass vun der Mëllechstrooss stécht an de Moleküllewolleken.

Risemoleküllewolleken[änneren | Quelltext änneren]

Ganz grouss Moleküllewolleken gi Risemoleküllewolleken (GMC - Giant Molecular clouds) genannt. D'Mass vun dëse GMCen ass ongeféier 104-107 Sonnemassen (M) a si hunn eng typesch Ausdeenung vu 50 bis hin zu en etlechen honnert Parsec. Ongeféier 80 % vum molekulare Waasserstoff an der Mëllechstrooss ass a GMCen ze fannen. D'Stäregenesis an der Mëllechstrooss an an de Nopeschgalaxië geschitt bal nëmmen a GMCen. De groussen Deel vun de GMCen an eiser Galaxis sinn an de Spiraläerm. Et gëtt ugeholl, datt sech d'GMCen duerch gravitativ Instabilitéiten aus nach méi grousse molekulare Gasreservoiren an de Spiraläerm bilden, de sougenannte GMAen (Giant Molecular Associations).

Deelberäicher vu sou enger Moleküllewollek kollabéieren duerch Eegegravitatioun a maache sou stänneg nei Stären, dacks a grousser Zuel, déi sougenannt Stärekéip. Déi bekanntst dierft d'Orion Moleküllewollek sinn, där hire visuellen Deel den Orionniwwel a seng bekanntst Donkelwollek de Päerdskappniwwel ass. Well mir an eiser eegener Galaxis direkt an de galaktesche Plang kucken, an en Deel vun de GMCen (vir an hannert dem Galaktesche Kär) net observéierbar oder an hirer Distanz bestëmmbar sinn, muss een op Observatioune vun Nopeschgalaxien zréckgräifen fir e bessert Versteestemech vu GMCen ze kréien. Observatioune vu GMCen an der Grousser Magellanescher Wollek loossen op e Liewenszyklus fir GMCe schléissen. Duerch d'Distanz an der feelender Empfindlechkeet fir Liichtkraaft léisst sech nëmmen d'Genesis vun O-Stären observéieren. Während den éischte 6 Millioune Joer no hirer Bildung gëtt et nach keng Stäregenesis an de GMCen, an de folgenden 13 Millioune Joer fënnt een éischt Unzeechen fir d'Genesis vu Stären - H-II-Regioune forméiere sech. An de leschte 7 Millioune Joer loossen sech Stärekéip mat ganz jonke Stären observéieren. Dat ausléist Stralungsfeld vun dëse jonke Stären zerstéiert am Laf vun dëser leschter Phas déi ganz GMCen. Während sech an der Grousser Magellanescher Wollek an am M33 ongeféier 25-33 % vun alle GMCen nach keng Zeechen fir masseräich Stäregenesis weisen, gëtt et an der Mëllechstrooss nëmme ganz wéineg GMCen ouni masseräich Stäregenesis.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Kuan et al. (ApJ 593, 848, 2003)
  2. [1] www.astrochemistry.net

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]