Mozzarella

Vu Wikipedia
Mozzarella
Tomate mat Mozzarella

Mozzarella ass e frësche Fuedemdeeg-Kéis, deen aus der Mëllech vum Waasserbüffel, ëmmer méi dacks och vun där vum Hausrand oder aus engem Gemësch vun deenen zwou, gemaach gëtt.

Se huet 50 % (Büffel) oder 45 % (Kou) Fett an der dréchener Mass wat engem Fettgehalt am frësche Kéis vu 14 bis 15 Prozent entsprécht.

Déi echt Mozzarella di bufala campana aus Büffelmëllech kann nom italieenesche Gesetz (Ministeriellen Dekreet vum 18. September 2003) an alle Gemenge vun de Provënze Caserta a Salerno souwéi a verschiddene Gemenge vun der Metropolstad Neapel a vun de Provënze Benevento, Latina, Roma, Frosinone, Foggia an Isernia hiergstallt ginn. "Einfach" Mozarella kann iwwerall produzéiert ginn, an ass, wéi gesot, zu dackst aus Koumëllech.

Mozarella gëtt gewéinlech a Form vu Bullen a Säckelcher mat hirem Wässeg oder a Salzwaasser verkaaft.

Mozzarella gehéiert zu der typescher italieenescher Kichen a gëtt z. B. op Pizza oder puer mat Tomaten a Basilikum zervéiert (Caprese genannt).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mozzarella – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]