Op den Inhalt sprangen

Musée des arts décoratifs de Paris

Vu Wikipedia
Musée des arts décoratifs de Paris
Typ Konschtmusée
Lokalisatioun
Land Frankräich
Gemeng 1. Arrondissement vu Paräis
Koordinaten 48°51'46,92082"N, 2°20'1,37904"O
Gestioun
Visiteuren/Joer 391.379 2021
Um Spaweck https://madparis.fr
Gebai
Datum vum Bau 29. Mee 1905
Kollektioun
Genre/Stil Miwwelstécker, Dëschgeschier, asw.
Exponater
Kaart
Lag vum Musée des arts décoratifs de Paris
D'Gallerie vum Musée

De Musée des arts décoratifs zu Paräis ass e Musée, an deem dekorativ Konscht- an Designobjeten ausgestallt sinn. En ass am westleche Flillek vum Louvre ënnerbruecht, deen och Pavillon de Marsan genannt gëtt, an huet 1905 seng Dieren opgemaach.

D'Ausstellungsstécker datéiere vum Mëttelalter bis an 21. Joerhonnert. Gewise ginn ënner anerem Miwwelstécker, Dëschgeschier, Biller, Skulpturen, Vasen a Bijouen.

Am Musée ginn och reegelméisseg Ausstellungen iwwer Moud, Publicitéit a Graphesch Konscht gewisen.

 Commons: Musée des arts décoratifs de Paris – Biller, Videoen an Audiodateien