NGC 281
| Date vum NGC 281
| |
|---|---|
| Stärebild | Cassiopeia |
| Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
| Rektaszensioun | 00h 52m 59,35s |
| Deklinatioun | +56° 37' 18,8" |
| Ausgesinn | |
| Niwweltyp | Emissiounsniwwel |
| Visuell Magnitude (visuell) | +7 m |
| Wénkelduerchmiesser | 35' × 30' |
| Flächenhellegkeet | |
| Physikalesch Daten | |
| Gehéiert zu | Mëllechstrooss |
| Distanz | 9500 Liichtjoer |
| Absolut Hellegkeet | |
| Absolutten Duerchmiesser | |
| Mass | |
| Katalogbezeechnungen | |
| NGC 281, IC 11, LBN 616 | |
Den NGC 281 ass een Emissiounsniwwel am Stärebild Cassiopeia, dat 9.500 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech ass. An a ronderëm den NGC 281 ass den oppene Stärekoup IC 1590.
Den Niwwel ass am Index-Katalog als IC 11 erfaasst a gëtt ëmgangssproochlech well en der bekannter Pac-Man Videospill-Haaptfigur gläicht, virun allem am engleschsproocheche Raum och als Pac-Man-Niwwel bezeechent. Den hellste Member vum IC 1590, ass d'Méifachstäresystem BD +55° 191 (HD 5005). Et ass eng ioniséierend Quell vum Niwwel. Am Niwwel gëtt et och en ettlech Bok-Globulen, an deene mat Hëllef vun Infraroutfotoen Unzeeche fir Stäregebuerte konnte festgestallt ginn.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]Den Emissiounsniwwel NGC 281 gouf de 16. November 1881 vum amerikaneschen Astronom Edward Emerson Barnard entdeckt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: NGC 281 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- SIMBAD Query
- Artikel a Biller zu NGC 281 op wikisky.org
- (en) http://www.astrosurf.com/antilhue/ngc_281.htm
- Hubble Space Telescope
- Emissionsnebel NGC 281
- Sternbild Cassiopeia
- Astronomie.de
- GoBlack
- Astronomy Picture of the Day
- NASA/IPAC EXTRAGALACTIC DATABASE

