Nationalstrooss 7C
Ausgesinn
|
| |
| Verbindung N7 - N22 | |
|---|---|
| Land | Lëtzebuerg |
| Gestioun | Administration des ponts et chaussées |
| Ufank |
Rouscht, Nationalstrooss 7 |
| Koordinaten | 49°47'48,05"N, 6°5'56,47"O |
| Enn |
Colmer, Nationalstrooss 22 |
| Koordinaten | 49°48'12,89"N, 6°5'27,67"O |
| Duerch | Colmer-Bierg |
| Längt | 1.187 m |
| Informatiounen a Websäiten | |
| P & Ch | Beschreiwung vum Stroossennetz |
| Fandom | Nationalstrooss 7C |
|
| |
| Laf an Uschlëss | |
| Rouscht / Brongeshaff | |
| Colmer | |
D'Nationalstrooss 7C oder d'N7C ass eng Nationalstrooss am Kanton Miersch um Territoire vun der Gemeng Colmer-Bierg.
Se féiert vun der N7 um Rouscht, nërdlech vum Brongeshaff (géintiwwer vun der Goodyear-Testpist) bis bei d'N22 zu Colmer.
D'N7C ass ronn 1,187 km laang.
Entwécklung vun der N7C
[änneren | Quelltext änneren]- Déi fréier Gemengestrooss huet 1995 am Kader vun der Ëmklasséierung vun Deeler vum staatleche Stroossereseau[1] de Statut vun enger Nationalstrooss kritt. Am Gesetzestext steet d'Stroossennummer als „N7E“, sou datt se warscheinlech an der Zäit duerno ëmgenannt gouf.
- Virun 1995 war d'Traversée vun Houschent op der Héicht vum Waassertuerm als N7C klasséiert[1].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Nationalstrooss 7C – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Iwwersiichtskaart vum nationale Stroossereseau op der Internetsäit vun der Bauverwaltung
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- 1 2 Loi du 22 décembre 1995 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de 24.01.2021.
