Nico Langehegermann
Ausgesinn
| Nico Langehegermann | |
|---|---|
| Gebuer | 1946 |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Moler, Vëlossportler |
|
| |
Den Nico Langehegermann, gebuer de 24. Mee 1946 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Vëlossportler, Sculpteur a Moler.
Hien huet an der Handwierkerschoul zu Lëtzebuerg studéiert. Duerno huet hie sech a sengem Handwierk op d'Beschrëften an op d'Dekoréiere vun Autoe spezialiséiert. Spéider huet hie seng berufflech Erfarungen a seng Konscht abruecht.
Hien hat Ausstellunge vu senger Wierker ënner anerem zu Paräis, Innsbruck, Graz a Lëtzebuerg.
Den Nico Langehegermann ass de Koseng vum Val Langehegermann.
Palmarès als Vëlossportler bei den Amateuren (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- 1966: 3. an der 6er Etapp vun der Österreich-Rundfahrt
- 1967: Landesmeeschter bei den Amateuren
- 1967: 1. an der 3. Etapp vun der Flèche du Sud
- 1968: 9. am Generalklassement vun der Flèche du Sud
