Nuesbieren
Ausgesinn
| Nuesbieren | |||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
E Südamerikaneschen Nuesbier | |||||||||||||||
| Systematik | |||||||||||||||
| |||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
| Nasua | |||||||||||||||
| Aarten | |||||||||||||||
|
Südamerikaneschen Nuesbier | |||||||||||||||
Nuesbiere sinn eng Gattung aus der Famill vun de Klengbieren.
Si liewen a Mëttel- a Südamerika. Am Dag gi si op d'Juegd, duerchsichen de Buedem mat hirer laanger Schnëss a gruewe mat hire schaarfe Kralle Wuerzelen a Knollen aus. Si kënnen awer och op Beem kloteren an do no Friichte sichen.
Et ënnerscheet een tëscht dräi Aarten:
- Südamerikaneschen Nuesbier (Nasua nasua)
- Wäissrüssel-Nuesbier (Nasua narica)
- Nelson-Nuesbier (Nasua nelsoni)
Eng weider Aart ass de Biergnuesbier (Nasuella olivacea), deen nëmmen an den Andendäller am nordwestleche Südamerika lieft. E bilt awer seng eege Gattung: Nasuella.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Nasua – Biller, Videoen oder Audiodateien |