Klengbieren

Vu Wikipedia
Klengbieren
E Südamerikaneschen Nuesbier (Nasua nasua)

E Südamerikaneschen Nuesbier (Nasua nasua)
E Südamerikaneschen Nuesbier (Nasua nasua)
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Ënnerklass Placentalia
Uerdnung: Raubdéieren
Iwwerfamill: Hondsdéieren
Famill: Klengbieren
Wëssenschaftlechen Numm
Procyonidae
Gray 1825
Ënnerfamilljen

Potosinae
Procyoninae


D'Klengbieren (Procyonidae) sinn eng Mamendéierfamill aus der Uerdnung vun de Raubdéieren (Carnivora) zu där ronn 20 Aarten, ë. a. d'Nuesbieren an d'Makibiere gehéieren.

Zu de Klengbiere goufe fréier och d'Pandae gezielt. Haut awer gehéiert de Grousse Panda zu de Groussbieren an de klenge Panda oder Kazebier stellt eng eege Famill (Ailuridae) duer.

Zu de Klengbiere gehéieren d'Kazefrettecher, d'Wäschbieren, d'Wéckelbieren an d'Nuesbieren. Si liewen all an Amerika. Duerch d'Fräisetzen huet sech de Wäschbier och an Europa, an Ostasien an a Japan ausgebreet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Klengbieren – Biller, Videoen oder Audiodateien