Olympesch Flam
D'Olympesch Flam ((gr) Ολυμπιακή Φλόγα / Olympiakí Flóga), och alt Olympescht Feier genannt, ass eent vun den Olympesche Symboler a gehéiert zum Zeremoniell vun den Olympesche Spiller: Ufänke vun der Fakel, Staffellaf mat der Fakel an duerno Ufänke vun der Olympescher Flam am Stadion.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Olympesch Flam gouf et net op den Olympesche Spiller an der Antiquitéit. Se ass eréischt bei den Olympesche Summerspiller 1928 agefouert ginn. Déi modern Traditioun fir d'Olympesch Flam mat engem Staffellaf vu Griicheland aus op d'Plaz vun den Olympesche Spiller ze transportéieren, huet hiren Ursprong bei de Berliner Spiller vun 1936.
An der Ëffentlechkeet gëllen d'Nationalsozialisten – an absënns den Olympia-Organisateur Carl Diem – als Erfinder vum olympesche Fakellaf. Tatsächlech geet d'Iddi awer op de jiddeschen Archeolog Alfred Schiff vu Berlin zeréck. D'Fakele goufe vum Rëschtungskonzern Friedrich Krupp aus Holz a Metall an der Form vun engem Blat vum Uelegbam produzéiert. Nodeem d'Flam am anticken Olympia mat engem Brennspigel ugefaange gouf, ass s'iwwer 3.187 Kilometer vun 3.331 Leefer, déi zesummen d'Stafett gebilt hunn, an zwielef Deeg an eelef Nuechte vu Griicheland aus bis op Berlin gedroe ginn. De Fakellaf gouf 1938 vun der Leni Riefenstahl am Propagandafilm Olympia no-inzenéiert.
Oflaf
[änneren | Quelltext änneren]E puer Méint virun de Spiller gëtt zu Olympia eng Fakel duerch d'Sonnestralung an engem Brennspigel ugefaangen. D'Fakel gëtt da vun do aus an dat Land oder op dee Kontinent transportéiert, wou d'Spiller ofgehale ginn.
D'Olympesch Fakel gëtt vun Athleeten, Sportsfonctionnairen, prominenten an „normale“ Leit gedroen. Heiansdo gëtt se an ongewéinleche Konditiounen transportéiert, wéi z. B. elektronesch iwwer Satellit fir Montréal 1976, ënner Waasser – ouni datt se ausgaangen ass – fir Sydney 2000 oder duerch de Weltraum an iwwer den Nordpol fir Sotschi 2014. De leschten Dag vum Fakellaf, um Dag vun der offizieller Erëffnungszeremonie, kënnt d'Flam am Haaptstadion un, wou dann an engem Kessel d'Olympescht Feier ugefaange gëtt.
D'Flam brennt da wärend der ganzer Dauer vun de Spiller, ier se bei der Ofschlosszeremonie ausgemaach gëtt.
D'Fakele goufe fréier mat Pech oder Pëtrol bedriwwen, haut funktionéieren se mat Gaspatrounen. Wärend dem ganze Fakellaf däerf d'Olympesch Flam net ausgoen; soss misst se dem Zeremoniell no zu Olympia nees nei ugefaange ginn. Aus deem Grond gëtt d'„Mammeflam“ an dräi Sécherungslanteren matgeféiert, aus deenen d'Flam erëm iwwerholl ka ginn.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Olympesch Flam – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Passing the Torch: An Evolution of Form, Iwwersiicht vun de Fakelen (1896 – 2008) op The New York Times, 1. August 2008