Optioun
Optioun kënnt vum laténgeschen optio (d'Recht ze wënschen).
Am Finanzsecteur ass eng Optioun e Recht dat op enger Bourse gehandelt gëtt. De Präis, deen de Keefer fir eng Optioun bezilt, gëtt Primm genannt. Duerch déi Primm kritt de Besëtzer d'Recht vum Verkeefer, an engem festgeluechten Zäitraum, eng bestëmmt Zuel vun Aktien oder vun enger anerer Wuer, zu engem fixéierte Basispräis ofzekafen oder ze verkafen. De Verkeefer huet d'Flicht dat Recht z'erfëllen. D'Optioune ginn op spezialiséierten Optiouns- an Termäinboursë cotéiert. Déi bekanntst an Amerika ass d'CBOE (Chicago Board Options Exchange), an Europa ass et d'Eurex. Wann d'Recht nom Verfallsdatum net ausgeüübt gëtt, huet d'Optioun kee Wäert méi.
Déi verschidden Zorten
[änneren | Quelltext änneren]Eng Kafsoptioun gëtt “Call” genannt (to call = ofruffen) an eng Verkafsoptioun heescht “Put” (to put away = ofginn).
Amerikanesch an europäesch Optiounen ënnerscheede sech duerch den Zäitpunkt, wärend deem de Besëtzer säi Recht kann ausüben. Bei der amerikanescher ass dat wärend der ganzer Period, bei der europäescher nëmmen um Verfallsdatum.
Optioune lafen iwwer Wuere wéi Aktien, Obligatiounen, Wäertpabeierkierf (baskets), Wärungen, Aktien- a Réistoffindexen, Eedelmetaller, Réistoffer, …
Handelsstrategien
[änneren | Quelltext änneren]D'Optioune gi vun Investisseuren aus verschiddene Grënn gehandelt. Fir déi eng ass et eng Méiglechkeet ze spekuléieren a fir anerer, fir hire Portefeuillen ofzesécheren.
Bei enger Kafoptioun
[änneren | Quelltext änneren]Am Fall vum Keefer Long Call, an am Fall vum Verkeefer Short Call genannt.
De Keefer spekuléiert, datt d'Wuer, déi der Optioun ënnerläit, an der Zukunft u Wäert zouhëlt. Läit hie richteg, dann ass säi Gewënn d'Differenz tëscht dem Basispräis an dem Cours op der Bourse. Entweeder freet hien d'Liwwerung vun der Wuer vum Verkeefer zum ofgemaache Präis a verkeeft se zu deem méi deiere Präis op der Bourse oder hie verkeeft einfach d'Optioun déi am Wäert eropgaangen ass op der Bourse. Wann de Wäert vun der Wuer awer erofgeet oder net variéiert, da riskéiert hien de ganzen Akafspräis ze verléieren. Säi Risiko ass also op den Akafspräis an op déi verbonne Käschte limitéiert.
De Verkeefer setzt drop, datt de Präis vun der Wuer stagnéiert oder fält. Hien hofft domat seng Wuer ze behalen a gläichzäiteg säi Wäertpabeierdepot duerch d'Akasséiere vun der Primm ze rentabiliséieren. Wann de Präis awer klëmmt, dann ass hie verflicht d'Wuer zum ofgemaachen niddrege Präis ze liwweren. Säi Verloscht ass d'Differenz zum méi héije Präis vun der Bourse plus d'Käschten. Säi Verloschtrisiko ass domat onbegrenzt. Fir engem ze grousse Verloscht z'entgoen, kann hie sengersäits eng Kafoptioun mat de selwechte Charakteristike kafen.
Bei enger Verkafsoptioun
[änneren | Quelltext änneren]Am Fall vum Keefer Long Put, an am Fall vum Verkeefer Short Put genannt.
De Keefer spekuléiert, datt d'Wuer déi der Optioun ënnerläit an Zukunft u Wäert verléiert. Hien huet dann d'Recht vum Verkeefer ze verlaangen, datt hien him d'Wuer zum ofgemaache méi héije Präis ofkeeft. Fir säi Gewënn ze kasséieren, geet hien d'Wuer zum nidderege Präis akafen an de Boni ass d'Differenz; oder méi einfach, hie verkeeft seng Optioun déi am Wäert zougeholl huet op der Bourse.
De Verkeefer ass der Meenung, datt de Präis vun der Wuer klëmmt. Hien huet d'Flicht op Demande hi vum Keefer, d'Wuer, zum an der Optioun fixéierte Präis, ofzekafen. Bei méi nidderegem Boursepräis vun der Wuer ass säi Verloscht bal onbegrenzt. Fir säi Verloscht ze begrenzen huet hien d'Méiglechkeet eng änlech Verkafsoptioun op d'Bourse kafen ze goen.