Op den Inhalt sprangen

Parkes-Observatoire

Vu Wikipedia
Parkes-Observatoire
Typ Astronomeschen Observatoire
Datum vum Bau 1961
Websäit http://www.parkes.atnf.csiro.au/
Instrumenter
Geographesch Situatioun
Land Australien
Regioun/Gemeng Parkes
Koordinaten 32°59'52,0"S, 148°15'46,5"O
Loftfoto vum Observatoire-Park
Dat grousst Radioteleskop

De Parkes-Observatoire ass e Radio-Observatoire an Australien. Et steet op enger Héicht vun 392 m an ass 20 km vu Parkes, New South Wales ewech. E gouf virun allem bekannt duerch d'Iwwerdroe vun der éischter Moundlandung.

D'Haaptinstrument ass de Parkes-Radioteleskop, dee mat 64 Meter Antennenduerchmiesser laang de gréisste beweeglechen Teleskop vu senger Aart op der südlecher Hemisphär war. E gouf 1961 gebaut[1] a bis haut ass dëst Instrument dauernd am Asaz. E gouf an de leschte Jore mat engem glate Metall ausgekleet fir och Mikrowellen am Zentimeter- a Millimeterberäich z'erfaassen.

Den Teleskop gëtt mat Hëllef vun enger azimutaler Montéierung ausgeriicht. Dobäi gëtt et duerch e klengen Teleskop an der selwechter Struktur geleet, deen awer eng parallaktesch Montéierung huet. Déi béid gi beim Verfollege vun engem astronomeschen Objet dynamesch mat engem Laser-System matenee verbonnen.

D'Emfängerkabinn, am Fokus vun der Parabolschossel, gëtt vun dräi Striewen a 27 Meter Héicht gehalen. Si huet verschidde Moossinstrumenter fir Radio- a Mikrowellen, déi fir d'Ënnersichen an de Fokus geriicht kënne ginn.

Den Observatoire ass en Deel vum Australia Telescope National Facility, engem Netz vu Radioteleskopen. Zimmlech dacks schafft en zesumme mat dem Australia Telescope Compact Array zu Narrabri a mat enger eenzeler Antenn vu Mopra, no dem Verfare vun der Very Long Baseline Interferometry.

Wärend dem Apollo-Programm vun der NASA huet de Radioteleskop och fir d'Kommunikatioun a fir Telemetrie gedéngt, wann de Mound nëmmen op der australescher Säit vun der Äerd ze gesi war, wann déi eigentlech NASA Buedemstatioun Honeysuckle Creek technesch Problemer soll hunn.

Aner Aufgabe vum Radioteleskop waren a sinn: distanzsensitiv Sich no Waasserstoff als Indikator fir Galaxien (HIPASS-Projet) an Aarbechte fir de SETI-Projet.

Portal Astronomie

 Commons: Parkes-Observatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Peter Robertson: 40 Years of The Dish - ABC Science Online, 11. Januar 2009 (englesch).