Partei vun der Europäescher Lénker
Logo | Parteizentral |
---|---|
![]() |
Rue Parnasse 30 1050 Bréissel ![]() |
Basisdonnéeën | |
Grënnungsdatum: | 8.-9. Mee 2004 |
Ausriichtung: | Demokratesche Sozialismus Kommunismus |
Fraktioun: | Europäesch Vereent Lénk/ Nordesch Gréng Lénk (GUE/NGL) |
Faarf: | Rout |
Websäit: | www.european-left.org |
D'Partei vun der Europäescher Lénk, meescht einfach Europäesch Lénk (EL) genannt (en.: Party of European Left; fr.: Parti de la gauche européenne; de.: Partei der Europäischen Linken) ass eng politesch Partei op europäeschem Niveau.
Si setzt sech aus europäesche Parteien aus dem lénkse politesche Spektrum zesummen, dorënner der lëtzebuergescher Déi Lénk, der däitscher Die Linke, dem franséische Parti communiste an der griichescher SYRIZA.
D'EL gouf 2004 zu Roum gegrënnt.