Paul Beghin

Vu Wikipedia
Paul Beghin
Gebuer 28. Juni 1929
Lëtzebuerg
Gestuerwen 1. Juli 2004
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei Demokratesch Partei

De Paul Beghin, gebuer den 28. Juni 1929 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 1. Juli 2004, war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.

Vun 1963 bis 1964 war hie President vun der Conférence du jeune barreau de Luxembourg.

Als DP-Politiker war hien an der Stad Lëtzebuerg vun 1966 bis 1980 Conseiller am Gemengerot a vun 1980 bis 1995 Member am Schäfferot. Vun 1971 bis 1974 war hien Deputéierten an der Chamber. Hie war och eng Zäit laang President vum Gemengesyndikat SIDOR.

Den 10. Januar 1974 krut hien eng Nominatioun als Member vum Staatsrot, vun deem hien den 8. Mäerz 1990 Vizepresident gouf. Vum 19. Mee 1994 bis den 31. Dezember 1999 war hie President vun där Institutioun[1].

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  2. Memorial B n° 50 vun 1996 mat der Lëscht vu Leit déi 1996 eng national Auszeechnung kritt hunn