Paul Wilwers

Vu Wikipedia
Paul Wilwers
Gebuer 15. Januar 1876
Giewelsmillen
Gestuerwen 22. August 1967
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Eisebunner, Mykolog, Auteur
Member vun Société des naturalistes luxembourgeois

Den Nicolas Paul Wilwers, gebuer de 15. Januar 1876 op der Giewelsmillen a gestuerwen den 22. August 1967 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Eisebunner a Mykolog.

Am Abrëll 1897 ass de Paul Wilwers an den Déngscht vun der Wilhelm-Luxemburg-Eisenbahngesellschaft getrueden. Am Laf vu senger Karriär war hien op enger ganzer Rei vu Plaze stationéiert. Als Statiounsassistent war hien zu Ettelbréck, Beetebuerg, Esch-Uelzecht a Klengbetten. Dono war hien eng Zäit an der Zentralverwaltung zu Stroossbuerg, dunn an der Stad an dono erëm zu Klengbetten. 1921 koum de Wilwers als Chef de gare op Dikrech an 1926 als Chef de gare principal op Klengbetten. 1931 koum hien als Kontroller an d'Inspection principale an der Stad, an am Mäerz 1933 gouf hie Chef de gare principal an der Stater Gare, wou hie säin Déngscht den 1. Abrëll 1933 ugefaangen a bis zu senger Pensioun, den 31. Januar 1939, geschafft huet.

De Paul Wilwers war vun 1898 u Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL), déi deemools virun allem nach als Fauna bekannt war. Hien huet sech besonnesch fir d'Pilzen intresséiert an huet sech mat der Zäit en zolidd Wëssen um Gebitt vun der Mykologie ugëeegent. Wärend dem Éischte Weltkrich, wéi Lëtzebuerg Honger gelidden huet[1], huet hie Pilzwanderungen a -konferenzen organiséiert, fir bei de Leit d'Pilzen als Fleesch-Ersatz bekannt ze maachen a si ze léieren, iessbar a gëfteg Pilzen z'ënnerscheeden. Hien huet och Zeitungsartikelen iwwer dee Sujet publizéiert.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Wilwers, P., 1916. Pilze! Für die Herbstsaison, beinahe keine Fleischnot mehr. Luxemburger Wort 1916-09-13: 2, Nr. 257; Luxemburger Wort 1916-09-14: 3, Nr. 258 [Schluss].
    id., Luxemburger Zeitung 1916-09-14: 2, Morgen-Ausgabe, Nr. 258.
  • Wilwers, P., 1916. Pilzausflug vom 17. September 1916. Luxemburger Wort 1916-09-21: 2-3, Nr. 265.
    id., Luxemburger Zeitung 1916-09-23: 3, Abend-Ausgabe, Nr. 267.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Der Erste Weltkrieg in Luxemburg und das „Fleisch des Waldes“