Penumbra (Sonneflecken)

Vu Wikipedia
Sonnefleck vum 13. Dez. 2006, Duerchmiesser ronn 20'000km. Fotograféiert vum Hinode am visuelle Liicht.)

Als Umbra a Penumbra (lat. Kärschied an Hallefschied) gi vun den Astronomen déi Gebidder bannenzeg vun de Sonneflecke bezeechent, déi eppes méi däischter wéi déi normal Sonnenuewerfläch sinn.

Temperaturen[änneren | Quelltext änneren]

Déi duerchschnëttlech Uewerflächentemperatur vun der Sonn huet knapps 6.000 °C („effektiv Temperatur“ 5.770 Kelvin). De Kärberäich vun engem Sonnefleck, déi sog. Umbra („Kärschied“), ass ronn 2.000° méi kill a läit bei zirka 4.000°. Méi grouss Sonneflecke weisen doriwwer eraus eng Penumbra („Hallefschied“), déi eng Temperatur vu 5.000 – 5.500 °C hunn. Dora sinn e ganze Koup Eenzelflecken (kuckt wgl. d'Bild).

Trotz hirer niddreger Temperatur sinn déi Zone vun de Sonneflecken net schwaarz resp. gro, mä si sinn och sou wéi gliddeg brennende Gas ze verstoen. Si strale mat ronn 20 bis 70 Prozent vun der normaler Photosphär. Nëmmen de Maximum vun der Stralung huet sech vu gielgréng e wéineg zu rout hi beweegt.

Ziele vu Sonneflecken[änneren | Quelltext änneren]

Déi einfachst Miesszuel fir d'Sonnenaktivitéit - déi an engem 11-Joer-Zyklus variéiert grad sou wéi och all Woch a Mount – ass déi sougenannt Relativzuel

D'Zuel f gëtt d'Zuel vun de Flecken un (onofhängeg vun hirer Gréisst), wärend g d'Zuel vun de Gruppen duerstellt. Als Fleckegrupp zielen och Eenzelflecken, awer grouss Gruppe mat Penumbragebidder droe méi zu R bäi.

D'Sonneflecken entstinn duerch lokal Stéierungen am Magnéitfeld vun der Sonn, déi de konvektiven Transport vun der Hëtzt aus der Déift hënneren.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie