Pertisau

Vu Wikipedia
Pertisau um Achensee

Pertisau ass eng Uertschaft an der Gemeng Eben am Achensee am éisträichische Bundesland Tiroul.

Si läit um Achenséi a grenzt direkt un d'Naturschutzgebitt Karwendel mat géien ZweeDausender.

Geschicht an Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

Fierschtenhaus Pertisau (als Hotel ëmgebaut)

Zënter dem 15. Joerhonnert hunn d'Habsburger, déi bis 1918 d'Landeshäre blouwen, d'Bëscher ëm Pertisau fir d'Juegd an de Séi fir d'Fësche benotzt. Ënner dem Herzog Siegmund gouf 1466 zu deem Zweck d'Fierschtenhaus gebaut, dat absënns vu sengem Nofollger Maximilian I. benotzt gouf.

Den Tourismus um Achenséi huet géint Mëtt vum 19. Joerhonnert ugefaangen. Zënter 1887 fuere Schëffer um Achenséi an zënter 1889 huet d'Achenséibunn en Terminus um Seespitz ronn 3,5 km südlech vun der Uertschaft.

An der Géigend ëm Pertisau gëtt zënter 1902 Uelegschifer ofgebaut, aus deem de sougenannten Tirouler Steenueleg gewonne gëtt, deen zu kosmeteschen a medezinesche Produkter verschafft gëtt. E lokale Pionéier vum Uelegschiferofbau war de geologeschen Autodidakt Martin Albrecht, deen d'Gestengs bei der Gaisalm um westlechen Uwänner vum Séi duerch Zoufall fonnt huet.

Haut fënnt een zu Pertisau haaptsächlech e bësse méi gehuewen Hotelen a Vakanzappartementer.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pertisau – Biller, Videoen oder Audiodateien