Pierre Gamarra

Vu Wikipedia
Pierre Gamarra
Gebuer 10. Juli 1919
Toulouse
Gestuerwen 20. Mee 2009
Argenteuil
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Dichter, Schrëftsteller, Essayist, Literaturkritiker, Kannerbuchauteur, RIF- Resistenzler, Prosaist, Kritiker, Iwwersetzer

De Pierre Gamarra, gebuer den 10. Juli 1919 zu Toulouse a gestuerwen den 20. Mee 2009 zu Argenteuil war e franséischen Auteur.

De Pierre Gamarra (2008)

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Pierre Gamarra seng Famill staamt aus dem spuenesche Baskeland an aus dem franséische Languedoc. Hie war fir d'eischt Schoulmeeschter, duerno Journalist a virun allem en Auteur vu Romaner, e Poet a Literaturkritiker. Hien huet och Essaien an Theaterstécker geschriwwen. Am Joer 1948 huet hien den internationale Charles-Veillon-Präis fir säi Roman La Maison de Feu kritt.
Vun 1951 u schafft en un der Redaktioun vun der Literaturzäitschreft Europe mat, a vun 1974 un, gouf e Chefredakter vun där Zäitschreft.

Dem Pierre Gamarra säi Wierk fir Kanner gëtt haut dacks an de franséische Schoule geléiert.

Wichtegst Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Mon Cartable
  • La Mouche et la Crème
  • Le Maître d'École
  • La Maison de feu