Op den Inhalt sprangen

Pierre Kersch

Vu Wikipedia
Pierre Kersch
Gebuer 12. Februar 1809
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 1868
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

De Pierre (och: Peter) Kersch, genannt den Naué, gebuer den 12. Februar 1809 zu Esch-Uelzecht, an och do 1868 gestuerwen, war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker.[1]

De Pierre Kersch war vun 1865 bis 1868 Member vum Escher Gemengerot.

Hie war och Juegdhidder zu Esch fir den Auguste Metz, deem deemools d'Schmëtte vu Berbuerg an um Grondhaff gehéiert hunn. Wéi deen enges Dags d'Eisenäerz, dat zu Hayange op der Schmelz vum De Wendel verschafft gouf, mat deem vun Esch vergläiche gelooss huet, koum eraus, datt d'Gestengs zu Esch deem vill géif gläichen. Doropshin huet en de Kersch als Stréimann engagéiert, fir onopfälleg fir Metz & Cie Terrainen doruechter ze kafen.

Fir un den Naué z'erënneren, huet den Escher Gemengerot den 26. Abrëll 1946 decidéiert, eng Strooss am Quartier Grenz, no him ze nennen (L-4175).

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Willy Allamano, Gérard Bernardini: Esch-sur-Alzette et ses rues. Esch an der Alzette und seine Straßen. 'De l'histoire à chaque pas. Geschichte auf jedem Schritt'. Esch-sur-Alzette, 2013. ISBN 978-2-87964-136-2, S.123.