Op den Inhalt sprangen

Pirminuskapell zu Kauneref

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Pirminuskapell Kauneref)
Kapell vu Kauneref
Pirminuskapell vu Kauneref (2015)

Pirminuskapell vu Kauneref (2015)
Pirminuskapell vu Kauneref (2015)
Uertschaft / Plaz Përmesknupp
bei Kauneref
Par Öewersauer
Saint-Pirmin
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Pirmin
Baujoer 1653
Koordinaten 49° 55’ 55.9’’ N
      05° 55’ 01.0’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Pirminuskapell zu Kauneref ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Öewersauer Saint-Pirmin, zum Dekanat Norden an zu der Stauséigemeng gehéiert.

De Patréiner vun der Kapell ass den hellege Pirmin, deem säi Fest den 3. November gefeiert gëtt.

Se steet op der Përmesknupp, zirka 1,7 km Loftlinn nordëstlech vu Kauneref, op dem Wee vu Kauneref op Bidscht. Nieft der Kapell sinn nach d'Iwwerreschter vun engem fréiere Bauerenhaff ze gesinn deen am Joer 1936 ofgebrannt ass.

Zanter dem 20. Mäerz 2019 ass s'als nationaalt Monument klasséiert.[1]

D'Kapell ass als Undenke fir den hellege Pirmin gebaut ginn, deen den 3. November 753 gestuerwen ass. Hien huet Kapelle gegrënnt, a spéiderhin am Joer 730 huet e seng éischt Kierch an der Stad Murrhardt an der Géigend vu Stuttgart opgeriicht. Kuerz no sengem Doud ass de Pirmin dunn helleggesprach ginn.

D'Kapell gouf fir d'éischt Kéier am Joer 1159 ernimmt. An der zweeter Hallschent vum 12. Joerhonnert gouf d'Kapell an eng Klaus nei gebaut.

De 15. Juli 1486 gouf se dem Johann vu Wolz iwwerlooss, mä hien huet missen all Joer 3 Gulde bezuelen, a sech ëm d'Kapell këmmeren. 8 Joer méi spéit krut de Johann d'Kapell ganz geschenkt. Spéider hunn d'Leit vu Wolz sech drëm këmmere missen.

1652-53 gouf déi haiteg Kapell vum Grof Johann V vu Wolz gebaut.

Am Joer 1718 huet de Paschtouer vu Kauneref, de Joannes-Fridericus Huberti, beim Klackegéisser Peter Ritter eng Klack fir d'Pirminuskapell vu Kauneref géisse gelooss, well déi al Klack op Ouschterdënschdeg 1714 bei engem Feier zesumme mat der Kapell an der Eremittewunneng zerstéiert gouf. 1715 huet den Eremit Anton Schaulß seng Wunneng, mat Geld dat e sech zesummegeheescht hat, nei baue gelooss[2].

1772 gouf de Virraum ugebaut (Joreszuel um Schlosssteen iwwer dem Aganksportal).

1783 gouf d'Klaus ofgeschaaft a 1799 gouf de Besëtz vu St Pirmin versteet. D'Kapell an d'Heelquell sinn als Kierchebesëtz bei der Par Kauneref verbliwwen.

Den 3. November 1972 huet de Paschtouer vu Kauneref probéiert mat Hëllef vu Passionéierte vum Pirmin en Opruff duerch déi ëffentlech Medien ze maachen. Säin Zil war et, den Intressi un dëser Kapell z'erwächen, an hir brenzeleg Situatioun z'erklären. Den 11. Mäerz 1973 gouf de Veräin Amis du St Pirmin – Pörmesfrönn gegrënnt. Bei där Versammlung waren 13. Leit bereet am Kommitee vun der Vereenegung matzeschaffen. Si hu sech ëm d'Kapell gekëmmert an hu probéiert, datt se ënner Denkmalschutz soll gestallt ginn.

Op Päischtsonndeg 1985 gouf d'Kapell an d'Pirminusquell vum Bëschof Jean Hengen geseent[3]. Op Päischtméindeg pilgeren d'Leit op d'Përmesknupp.

Bis de 7. Mee 2017 war d'Pirminuskapell eng Kapell vun der Par Kauneref. Zur fréierer Par Kauneref huet ausser der Pirminuskapell och nach d'Parkierch vu Kauneref an d'Filialkierch vu Bidscht gehéiert.

Pirminusquell

[änneren | Quelltext änneren]
D'Weekapell mat der Pirminusquell dran

Um Fouss vun der Përmesknupp ass eng Quell, déi der Legend no vum hellege Pirmin geseent gouf an déi Heelkraaft géint Rachitis an Aekrankheeten soll hunn. 1861 huet de Wëlzer Dokter Auguste Neyen d'Waasser cheemesch analyséiere gelooss. Dës Analys huet erginn, dass am Waasser näischt dra wier, wat net och an anerer Quelle vun der Géigend virkomme géif[3].

D'Quell läit haut an enger aachteckeger Weekapell ënnerzeg vun der Pirminuskapell. Si ass iwwer e Wee mat enger Trap vun der Kapell aus z'erreechen oder och iwwer e Wee vun zirka 150 m, dee vun enger Parkplaz op der N15, zirka 1,7 km westlech vu Bidscht, dohinner geet.

Commons: Pirminuskapell zu Kauneref – Biller, Videoen oder Audiodateien

Eng al Lëtzebuerger Traditioun

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Pirminuskapell zu Kauneref – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
  2. "Chronica Hubertiana" am Buch 250 Joer Poorkiirch am Duerf Kaunerëf, S. 163
  3. 3,0 3,1 Jos. A. Massard: "Wunder in Luxemburg." in: Lëtzebuerger Almanach 1986. Luxemburg: Éditions Guy Binsfeld 1985, S. 127-135; hei S.129/30.